Mir traueren ëm de Norbert Haupert (1940–2026)

De Norbert Haupert huet d'CSV vun 1999 bis 2013 als Deputéierte fir de Bezierk Süden an der Chamber vertrueden. Och als Gemengeconseiller zu Monnerech an als Member vun der Parlamentarescher Assemblée vum Europarot huet hien iwwer vill Jore Verantwortung iwwerholl.

Nieft der Politik war de Sport eng grouss Passioun vum Norbert. Als fréieren Olympionik, President vun der Liichtathleetikfederatioun an duerno als President vum Olympesche Comité huet hien de Lëtzebuerger Sport mat vill Leidenschaft an Engagement matgestalt.

Fir d'CSV bleift de Norbert Haupert als geschätzte Parteikolleg a Perséinlechkeet an Erënnerung. Hien huet sech mat vill Engagement fir d'Politik, de Sport an d'Allgemengheet agesat.

Mir soen him Merci fir säi laangjäregen Asaz a wäerten hien a gudder Erënnerung behalen.

Eis Gedanke si bei senger Famill an all deenen, déi him no stoungen. 

Mir drécken hinnen eist chrëschtlecht Bäileed aus.

norbert_haupert.png