Fotosgalerie vum CSV-Summerfest

Och dëst Joer war nees eng flott Stëmmung um CSV-Summerfest. Mam Jean-Claude Juncker a Luc Frieden kruten zwou grouss Perséinlechkeeten, déi sech aus der nationaler Politik zeréckzéien, vun de Parteimembere Merci fir hir Verdéngschter fir d’Land gesot. E grousse Merci ass um Summerfest awer och un d’Astrid Lulling, un déi sechs CSV-Kandidate bei den Europawahlen a besonnesch un déi am Wahlkampf engagéiert Parteimilitante gaang.