CSV AM DIALOG - Mir komme bei Iech

D’CSV ass 2023 ugetrueden, fir d’Land ze moderniséieren a besser fir d’Zukunft opzestellen. D’Regierung huet an dësem Sënn scho villes aus hirem Programm ëmgesat. An d’Deputéiert vun der CSV hunn dëse Prozess duerch hir legislativ Aarbecht an der Chamber konstruktiv a kritesch begleet. Zesumme gëtt eng Politik aus engem Goss gemaach – am Interessi vun Iech a vum Land. 

Eng ganz Rei Verspriechen aus dem Walkampf goufen ëmgesat:

  • D’Kafkraaft gouf gestäerkt duerch Upassunge vun der Steiertabell
  • Geziilt Steiermesuren, gehéichte sozial Hëllefen a vereinfacht Prozeduren ënnerstëtze staark déi am meeschte vum Aarmutsrisiko bedrote Stéit
  • Fir d’Wirtschaft ze stäipen, gouf an Infrastrukturprojeten investéiert an d’Betribssteier erofgesat
  • Mat 51 Moossname ginn d‘Erneierbar Energië méi séier ausgebaut
  • D’Sécherheet gouf gestäerkt duerch méi Polizisten a lokal Police-Unitéiten
  • Vereinfacht Prozeduren, fir méi a méi séier ze bauen, an den Opkafprogramm vun Neibau-Wunnenge goufen op de Wee bruecht.

D’CSV huet den Usproch, politesch Entscheedunge mat Courage a Verantwortung ze huelen, ëmmer mam kloren Zil, dat Bescht fir Lëtzebuerg a seng Mënschen z’erreechen. 

Grad a schwéieren Zäite brauch eist Land Courage fir nei Weeër ze goen an eng Politik, déi Stabilitéit, Zesummenhalt an eng sécher Zukunft fir jidderee garantéiert. 

Mir komme bei Iech a géingen eis freeën, Iech op eisem Themen-Owend kënnen ze begréissen. 

Luc Frieden & Laurent Zeimet