Echange mam René Winkin vun der Fedil

D'Energiepräisser stoungen am Mëttelpunkt vum Gespréich mam Direkter vun der Industriellenvereenegung FEDIL René Winkin.

D'Situatioun um Marché am Abléck, awer och den Ausbléck op déi nächst Joren hunn d'Deputéiert Jeff Boonen, Diane Adehm, Octavie Modert a Laurent Mosar grad esou interesséiert, wéi déi verschidden Aspekter, fir d'Industrie an d'Betriber ze ënnerstëtzen.

Et war een sech eens, fir d'Situatioun am Aen ze behalen a sech op verschidden Zenarien ze präparéieren.