Eng sécher Zukunft fir eist Land - dat stoung zu Iechternach am Zentrum vum Debat. Den Innenminister Léon Gloden an d'Gesondheetsministerin Martine Deprez hunn sech de Froe vun den Ost-Deputéierten Octavie Modert, Stéphanie Weydert a Ricardo Marques a vum Publikum gestallt. Äntwerten, wéi gutt Lëtzebuerg um nationale Plang an an de Gemengen op Krise virbereet ass a wéi gutt de Gesondheetssystem opgestallt ass, wann eng nächst Gesondheetskris opkënnt, gouf et och vun den Invitéeën: dem Héichkommissar fir national Sécherheet Guy Bley, dem Resilienz-Beoptraagte vun der Gemeng Hesper an dem Generaldirekter vum Centre Hospitalier du Nord Dr. Paul Wirtgen.
Den nächsten CSV am Dialog ass am Hotel Mama Shelter an der Stad Lëtzebuerg/Kirchbierg. D'Thema ass dann: Wat bedeit KI fir Lëtzebuerg?