Adaptatioun vun de Cotisatiounen

Den ausseruerdentlechen CSV Nationalkongress huet de 16. Juli 2008 mat grousser Majoritéit eng Adaptatioun vun den interner Finanzorganisatioun an de Cotisatiounen virgeholl. Dëst no der Konsultatioun vun de Bezierker an Ënnerorganisatiounen an op der Grondlag vun de Propositiounen vun engem Aarbechtsgrupp. Déi lescht Upassung vun de Cotisatiounen war 2001. D’Cotisatioune sinn sozial- a familljefrëndlech. De neie Modus ass fir d’Sektiounen eng zousätzlech Motivatioun nei Memberen ze werben.

 

Déi wichtegst Décisiounen vum CSV Nationalkongress:

· D’Cotisatioun fir d’Memberskaart beleeft sech vun 2009 un op 20 Euro ;

· d’Memberskaart vum Conjoint sinn 10 Euro;

· d’Memberskaart CSJ sinn 10 Euro ;

· d’Memberskaart fir Membere vum LCGB a Syprolux beleeft sech op 15 Euro ;

· Membre protecteur, vun 250 Euro un ;

· Aféierung vun engem Familljentarif vu 35 Euro fir Steit mat dräi a mei Leit an dësem Stot. Dësen Tarif kann ugefrot ginn vun all betraffenem Stot ;

· d’Cotisatiounen ginn an d’Zukunft op d’Ënnerorganisatiounen, d’Bezierker a vrun allem d’Sektiounen verdeelt. D’Nationalpartei behält näischt méi fir sech an. Am Detail ass d’Finanzorganisatioun dann di heiten :

– D’CSF kritt 8 % vun de Cotisatiounen vun den CSF Memberen. Et ass um CSF Nationalkomitee iwwert d’Weiderverdeelung ze decidéieren.

– D’CSJ kritt 12% vun de Cotisatiounen vun den CSJ Memberen. Et ass um CSJ Nationalkomitee iwwert dWeiderverdeelung ze decidéieren.

– D’CSG kritt 1% vun de Cotisatiounen vun den CSG Memberen.

– D’CSV Senioren kréien 1% vun de Cotisatiounen vun den CSV Senioren.

– D’CSV Bezierker kréien 10% vun de Cotisatiounen (en fonction vun hirer Memberszuel). Eng „Dotation de base“ aus dem CSV-Budget assuréiert de Fonctionnement vun de Bezierker ouni datt déi méi kleng Bezierker benodeelegt sinn.

– Di verbleiwend 68% vun de Cotisatiounen ginn zwëschen de Sektiounen op gedeelt (en fonction vun hirer Memberszuel)

D’Parteifinanzéierungsgesetz wäert fir d’Sektioune bei de Gemengewalen 2011 zu Changementer féieren. Den Zougrëff zu den Donen ass beschränkt. Dofir wëll d’CSV hir Sektiounen besser ënnerstëtzen, wat och gutt wär fir en harmonescht Erscheinungsbild vun der CSV queesch uechtert d’Land. Den CSV Nationalkomitee sëtzt dofir eng Aarbechtsgrupp an, déi e Schema ausschafft, fir datt d’Partei d’Sektioune bei de Gemengewalen 2011 effikass ënnerstëtze kann. Resultater sollen spéitstens um nächsten uerdentleche Kongress bekannt ginn.

Matgedeelt vum Generalsekretariat vun der CSV