Déi mündlech Prüfung – Eng Chance fir Erfolleg

E Kuerztraining fir Schüler a Studenten den 23.02. oder den 24.02.2008

An Zesummenaarbecht mat dem Comité vun den CSJ Schüler a Studenten offréiert d’CSV Generalsekretariat e Spezialtraining fir Schüler a Studenten, dëst am Hibléck op déi mündlech Prüfungen an Examenstester. Ennert der Leedung vum Kommunikatiounstrainer Wolfgang Schrödl gi wärend e puer Stonnen verschidden Aspekter beliicht.
De Rendez-vous ass Samsdes, den 23 Februar vu 9.00 bis 16.00 Auer
oder Sondes, de 24 Februar vu 9.00 bis 16.00 Auer am Generalsekreatariat vun der CSV (4, rue de l’eau).

Umeldunge sinn onbedingt noutwendeg, well pro Cours maximal zeng Studenten oder Schüler sech aschreiwe kënnen. 
Fir weider Informatiounen stinn de Paul Weimerskirch um 22 57 31 25 oder d’Natalie Silva um 22 57 31 26 à dispositioun.

 
Am PDF, den unhängt, fannt Dir weider Détailler zum Inhalt vum Cours