D’Vakanz steet virun der Dir

Den Tourismus, e wichtige Bestanddeel vun eiser Wirtschaft, eng fräi Tribune vum Diane Adehm, CSV Vizepresidentin um 92,5 an um 100,7, de 9. an 11. Juli 2007

adhemd.jpgLéif Nolauschterinnen a Nolauschterer,

D’Summervakanz steet virun der Dir a vill Lëtzebuerger wäerten och dëst Joer erëm an den Auto, Zuch, Bus oder Fliger klamme, fir hier Vakanz am Ausland ze verbréngen. Mee et wäerten och vill Auslänner op Lëtzebuerg komme, fir hier schéinsten Zäit vum Joer bei eis ze genéissen. A bei eis kréie sie esou munches gebueden.

Wann een emol an de Fënnefjoresplang fir d’Joren 2003 bis 2007 fir den Tourismus kuckt, da stellt ee séier fest, dass fir an duerch den Tourismus hei zu Lëtzebuerg ganz vill Sue fléissen an dass den Tourismus vill méi e groussen Afloss op eis Wirtschaft huet wéi just déi Suen, déi d’Auslänner hei zu Lëtzebuerg ausginn.

Esou gesäit dëse Plang vir, dass eis Regierung iwwert déi fënnef Joer verdeelt insgesamt 37,5 Milliounen Euro an d’Tourismusinfrastrukturen stécht an dëst ënnert der Form vu Subventiounen.

Wann eis Gemengen, Gemengesyndikater, Syndicats d’Initiative oder aner ASBLen hei zu Lëtzebuerg Schwemme bauen oder moderniséieren, wann se hier Zentrume nei machen oder verschéineren, wann se eng Jugendherberge bauen oder renovéieren, wann se e lokale Musée réaménagéieren, oder nach wann se Vëlosweeër an Spazéiereweeër bauen oder nei machen, dann kënne si Subventiounen beim Tourismusministère ufroen. Dem Ministère louchen Enn 2006 290 Ufroe vir déi am Ganzen iwer 148 Milliounen Euro gaange sinn an dovunner iwerhëllt de Ministère 32 Milliounen.

Och aner Tourismusinfrastrukturen wéi zum Beispill Hoteler, Campinger oder Tourimusburoën gin vum Ministère mat 5 Milliounen Euro subventionéiert.

Et geséit een also ganz däitlech dass de Staat iwwert séin Fënnefjoresplang 37,5 Milliounen Euro verdeelt. Den Investitiounsvolum am Tourismus ass awer vill méi grouss an dëst huet e positiven Impakt op eis Wirtschaft.

Natierlech däerf een nët vergiessen, dass den Tourismus och Kultur brauch. De lëtzebuerger Staat huet déi lescht Jore massiv an d’Kultur investéiert mat Gebaier ewéi d’Philharmonie oder de Musée Grand-Duc Jean. Et ass evident, dass dës Efforten e groussen Afloss op eisen Tourismus an also och op eis Wirtschaft hunn.

An elo hunn ech nach nët vun all de lokale Fester hei zu Lëtzebuerg geschwat, déi fir munch Touristen an och Lëtzebuerger déi nët grad am Ausland Vakanz machen e feste Bestanddeel vum Kalenner sinn. Bei dëse Fester schaffe ganz vill Fräiwëlleger deeglaang fir dass hiere Verein eppes an d’Kees kritt. Och an dësem Fall profitéiert d’lëtzebuerger Wirtschaft dovunner, well d’Wueren déi hei verkaaft ginn jo och lokal akaaft ginn.

Et gesäit een, dass zu Lëtzebuerg den Tourismus ganz vill zu der Entwécklung vun eiser Wirtschaft bäidréit an d’CSV setzt sech konsequent fir den Tourismus hei zu Lëtzebuerg an.

Iech, léif Nolauschterinnen a Nolauschterer soen ech Merci fir Är Opmierksamkeet a wënschen Iech eng schéi Vakanz.

Diane Adehm, CSV-Vizepräsidentin