De Klimaschutz ass kee Luxus, awer eng Noutwendegkeet

Eng fräi politesch Tribün vum Marco Schank, CSV-Generalsekretär an Deputéierten, op RTL Radio, 6. Februar 2007

D’Internetsäite vum UN Weltklimarot

Léif Nolauschterinnen a Nolauschterer

De véierten UN-Klima-Rapport, dee leeschte Freideg zu Paräis veröffentlicht gouf, féiert eis di dramatisch Suite vun enger ongebremster Energienotzung virun Aan. Dës Klima-Etude, déi op net manner ewéi 400 Computer-Simulatiounen baséiert, zeechent een däischtert Bild: D’Wëssenschaftler confirméieren duerch hiir Klimamodeller, datt d’Erhéichen vun der Duerschnëttstemperatur vun der Äerd ëm dräi Grad bis an d’Joer 2100 uklamme wäert!

Wa mir Mënschen eisen Honger no Energie nët erofsetzen, da kënnen et an knapps honnert Joer esouguer 5,8 Grad méi ginn. Stierm, Drecheperioden, Iwwerschwemmungen huelen zou, mam bloussen Aan gesi mer wéi d’Gletscher sech zréckzéien, a wéi op de Polen d’Eis schmëlzt an doduerch, lues awer sécher, de Mieresspiggel klëmmt.

Et kann net sinn, datt nëmmen e puer Generatiounen, déi a Jormilliounen ugesammelt fossil Ressource duerch eng ineffizient Notzung opbrauchen, an datt mir eis Nokommen op onléisbaren Klimaproblemer sëtze lossen.

Datt un der éischter Linn de Mënsch d’Schold un dëser Katastroph dréit, ass fir iwwerzeechte Klimaschützer scho méi lang kee Geheimnis méi! Schwaarz op wäiss kruute mer elo konfirméiert, datt d’Auswirkungen vum Klimawandel méi grave sinn, wéi bis elo ugeholl.

Konsequent an eeschtlecht Handelen ass méi wéi je gefrot. Fir d’CSV steet fest, datt Politik, Gesellschaft an Ekonomi gläichermoossen an der Responsabilitéit stinn. Et bréngt dofir näischt fir de Kapp an de Sand ze steechen. Wiirksam Technologien a Strategien si bekannt, mir musse just definitiv de Courage hu fir se systematesch anzesetzen.

D’CSV ass sech dësem Challenge mat globaler Dimensioun bewosst a wäert sech an dëse wichtige Prozess abréngen.

“Global denken – Lokal handelen” ass notamment de Leitsproch vun de Klimabündnisgemengen zu Lëtzebuerg. Scho viru gutt zeng Joer hunn eng Rei Gemengen hier Verantwortung iwwerholl, a sech kloer Zieler ginn fir den CO2-Ausstouss ze drosselen. Si spillen haut eng Virreiderroll vis-à-vis vum Staat a gi vis-à-vis vun hieren Awunner mat guddem Beispill vir.

D’CSV schwätzt sech fir wierksam Schrëtter bei der Energie-Effizienz a bei der Förderung vun erneierbaren Energiequellen aus. D’Energie-Gewënnung duerch d’Landwirtschaft ass beispillsweis eng enorm Erausfuerderung mat ville Chancen, däer mir eis all stelle mussen. Sou gëllt et nowöessend Rohstoffer an d’Energie-Versuergung z’integréieren.

All dat kann awer nëmme geléngen, wa Jidder Eenzele sech sénger Verantwortung géintiwwer der Emwelt bewosst gëtt. Der CSV hiere Grondsaz ass: “Jidder Eenzelen zielt!”. Grad beim Klimaschutz ass dëse Motto méi ewéi richteg: An dësem wichtige Prozess setze mir op jidder Eenzelen a mir invitéieren och Jidderee sech aktiv anzebréngen.

Eng fräi politesch Tribün vum Marco Schank, CSV-Generalsekretär an Deputéierten, op RTL Radio, 6. Februar 2007