Prioritéiten

Haut schaffen – un muer denken. Esou kann een d’Prioritéiten vun der CSV an deene nächste Méint ëmschreiwen. Eng Fräi Tribune vum Maurice Bauer, Generalsekretär adjoint

M_Bauer.jpgWou et drëms geet fir Léisungen ze fannen, fir Lëtzebuerg fit ze halen, fir datt och nach an Zukunft eist Land kann deenen, déi no eis kommen déi selwescht Chancen bidden ewéi mir se hunn.

Fir d’CSV geet et bei deene sechs Prioritéiten drëms:

– 1) gesond a stabil Staatsfinanzen weiderhin ofzesécheren

– 2) dofir ze suergen, datt mir zu Lëtzebuerg weiderhin eng staark a kompetitiv Wirtschaft hunn

– 3) fir eng besser Schaff fir méi Leit ze schaafen

– 4) eng Schoul ze schaafen, déi jidderengem eng Chance bidd

– 5) fir een bessert Zesummenliewen zu Lëtzebuerg ze suergen

– an 6) fir mei Liewensqualiteit ze suergen durch eng besser Landesplanung

Een neien Apel fir den Duuscht

Déi rezent positiv Wirtschaftszuelen sinn sécherlech eng excellent Noricht, sie dierfen awer elo keen gleewen doen, datt domatter déi strukturell Situatioun vun eien Staatsfinanzen geännert hätt.

D’Tripartite huet virun e puer Méint eng Rei Mossnahmen am Konsens zesummen mat den Sozialpartner geholl fir grad dës strukturell Problemer ze léisen, dofir kann et fir d’CSV elo nët drëms goën, verschidden vun dëse Mossnahmen wellen oofzeschaafen oder ze hannerfroen.

Den CSV-Parteipräsident Francois Biltgen huet proposéiert, fir elo een neien Apel fir den Duuscht ze pflanzen; fir elo a gudden Zäiten eng finanziell Reserv ze schaffen fir wann et méi schlecht geet.

Fir eis Economie sënnvoll ze ennerstëtzen, fuerdert d’CSV, datt prioritär an eng weider Verbesserung vun eisen Infrastrukturen investéiert muss ginn fir esou de Standuert Lëtzebuerg weiderhin attraktiv ze haalen. An dësem Senn ass et fir d’CSV wichteg nach méi an d’Fuerschung an d’Innovatioun ze investéieren an déi administrativ Weeër nach méi kuerz ze maachen.

Wann eng Wirtschaft gutt dréit, bréngt daat och logescherweis eng méi entspannten Situatioun um Aarbechtsmarché mat sech. An awer bleiwt all eenzelnen Chômeur een Chômeur zevill, an d’CSV steet kloer hannert deene sëllechen Initiativen, déi geholl ginn fir dësen Matmenschen hir Situatioun ze verbesseren! Hei geet et drëms Léisungen ze fannen, séier an onkomplizéiert.

Eis Schoul muss sech och nach méi un d’Situatioun um Aarbechtsmaart upassen. Hei ass et fir d’CSV kloër, datt muss dofir gesuergt ginn, datt dass jidder Eenzelen eng Chance kritt.

Wann een iwwer d’Schoul schwätzt, schwätzt een natirlech och vum Zesummenliewen. Grouss Effortën sinn schons an der Vergangenheet gemach ginn fir d’Zesummenliewen zu Lëtzebuerg ze vereinfachen. Eis Gesellschaft befënnt sech an engem stännege Wandel, op deen een sech emmer erem muss upassen. Hei begréisst d’CSV besonnesch den Projet vum Justizminister Luc Frieden iwwer d’Afeierung vun der duebler Nationalitéit oder awer d’Schaafung vun den Maisons Relais duerch d’Familjenministesch Marie-José Jacobs! Zwee eenzel Projet’en erausgepickt, déi waerten eng ganz Rei Problemer hei am Land léisen.

Verantwortlech Politik machen, heescht fiir d’CSV speziell an eis Zukunft a speziell an dei vun eisen Kanner ze investéieren.

Dir fannt och weider Informatiounen zu desen Prioritéiten fir eis Zukunft ewéi och iwwer aaner aktuell Sujetën op eiser Internetsait www.csv.lu!

Maurice Bauer, Generalsekretär adjoint um 92,5 an der Emissioun “D’Parteien hunn d’Wuert, 18. September 2006