Nei Erausfuederungen

Nei Erausfuerderungen an Europa an zu Lëtzebuerg. De Generalsekretär adjoint Maurice Bauer an enger freier Tribüne um 92,5

M_Bauer.jpgMir wellen haut Léisungen fanne, fir Lëtzebuerg fit ze machen, fir datt eis d’Land och nach an Zukunft kann deenen, déi no eis kommen déi selwescht Chancen bidden ewéi mir se hunn.

Et ass net fir d’éischt an och net fir d’Lescht, wou an eisem Land Reformen an d’Haus stinn an eist Land viru groussen Erausfuederunge steet. Reformen kennen dofir och eng Chance sinn. Mir wëllen als CSV, ewéi schons an der Vergangenheet dozu bäidroen, datt wann mir eis haut déi richteg Méiglechkeeten ginn mat gudd iwwerluechten Décisiounen, mir eiser Zukunft och weiderhin berouegt entgéint kukken kënnen.

Mais, fir dëst Ziel ze erreschen, musse mer eis zesummen, a mat Zäit op de Wee maachen, mat den Sozialpartner an all deenen, wou d’Zukunft vun eisem Land um Härz lait. An dem Sënn sinn elektoralorientéiert Querschläger oder einfach eng Afrostellung vum Aarbechtsrecht nët déi richteg Äntwerten.

Mir wëllen hëllefen, schreiwt de Präsident vum LCGB, Robert Weber, an weist domatter, datt vun Gewerksschaftssäit ee positive Message kënnt, wann et drëms geet, fir konstruktiv an am Dialog no Léisungen ze sichen.

An d’Zukunft vun eiser Kanner investéieren

Fir d’CSV ass et haut kloer, datt d’Regierung sech elo muss mat den Sozialpartner an der Tripartite zesummen un een Desch setzen, fir gemeinsam an am Konsens iwwert nei Méiglechkeeten nozedenken, fir an dëser Situation Äntwerten ze fannen.

Verantwortlech Politik machen, heescht fir d’CSV speziell an eis Zukunft a speziell un déi vun eisen Kanner investéieren.

Dëst heescht datt mir nach méi mussen an d’Fuerschung, an d’Bildung, an de Wunnéngsbau, an eis Familljenënnerstetzung, an den Emweltschutz, an awer och an d’Sécherung vun eisem starken soziale Netz investéieren.

Fir d’CSV geet et also elo drëm, dës Erausfuerderungen unzehuelen, eng Politik ze gestalten, fir datt och eis Kanner nach an engem wirtschaftlech starken Lëtzebuerg vum Sozialmodell profitéiere kënnen an nach Zukunftsperspektiven hunn an dem Europa vun muer.

Och viru neien Erausfuederungen steet déi europäesch Vollekspartei EVP, déi dësen Weekend zu Roum hiren 30ten Geburtsdaag gefeiert huet. Des europäesch Vollekspartei, aus där hire Reihen bal alleguer d’Grënnungsmemberen vun der Europäescher Union kommen an an där ëmmer nees Politiker vun der CSV konnten wichteg Orientatiounen matbestëmmen an esou zur Sécherheet an Stabilitéit an Europa bäidroen, huet sech desen Weekend als Ziel gesaat fir dat gemeinsamt Europa nees sengen Bierger mei no ze brengen.

Et geet drëm, zesummen mat den Bierger, een Europa ze schaafen, daat d’Menschen begeeschteren a matrappen kann, a wou all Bierger sech dran erëmfennt, duerch eng gemeinsam Architektur. Esou huet och den Jean-Claude Juncker um Kongress dei europäesch Vollekspartei opgeruff, fir stolz ze sinn op all daat positivt, waat Europa elo schons geschaafen huet an sech och anzesetzen, datt Europa a speziell déi europäesch Vollekspartei sech fir den Kampf géint d’Aarmut an der Welt asetzen sollen.

Dir fannt och weider Informatiounen zu dësen Erausfuederungen fir eist Land an Europa eweé och iwwer aaner aktuell Sujetën op eiser Internetsäit www.csv.lu

Ech soen Iech villmols Merci fiir d’Nolauschteren.

Maurice Bauer
CSV-Generalsekretär adjoint