Courage!

De Lucien Weiler, Chamberpresident: “Déi prinzipiell Fro ass déi, ob mer versiche weiderzefueren, d’Politike vu gëschter ze finanzéieren oder ob mer eis d’Mëttele ginn, d’Politike vu muer ze finanzéieren.”
Weiler23.jpgZwanzeg Méint sinn zanter de Wahle vum Juni 2004 vergaangen. Zwanzeg Méint, déi um europäeschen, a méi generell um internationale Plang méi Froen opgeworf oder opgelooss hunn, wéi mer Äntwerte gesinn hunn. Zwanzeg Méint, déi um nationale Plang vill Gesiichter haten, vill Gesiichter, op déi et derwäert wär an och néideg wär, méi am Detail anzegoen.

Ech wëll awer an dëser Tribün nëmmen op een nationale Moment vun deenen zwanzeg Méint agoen, nämlech op d’Deklaratioun vum Statsminister vum 12. Oktober 2005 an der Chamber.

De Staatsminister huet eng Ried gehal, déi et a sech hat, déi eis oplauschtere gelooss huet, well se eis kloer gemaach huet, wat déi meescht vun eis schon am Gespier haten, dass och Lëtzebuerg net méi an der Welt vu virun zwanzeg, zéng oder och nëmme fënnef Joer lieft.

“D’Liewe fuerdert couragéiert Decisiounen”

D’Zäit leeft séier, méi séier wéi jee virdrun, a si riskéiert sech heiansdo ze iwwerschloen. Mir sollen a brauche kengem Zäitgeescht nozelafen, mä mir mussen eis der Zäit upassen.

“D’Liewe fuerdert couragéiert Décisiounen. Wien ze spéit kënnt, dee gëtt vum Liewe bestrooft”, huet de Michail Gorbatschow 1989 gesot.

Verschidde vun eisen Noperen hu sech ze spéit oder op d’mannst spéit op de Wee gemaach, an dat deet hinnen haut wéi, richteg schlëmm wéi. Mir wëlle keng esou eng Péng. An duerfir musse mir eis elo op de Wee maachen, woubäi mir mussen oppassen, dass mir dee richtege Wee geroden, fir net ze spéit oder ënnerwee schon ausser Otem ze kommen.

An den nächsten Deeg gëtt sech op de Wee gemaach, wann d’Tripartite zesummekënnt, fir sech Gedanken ze maachen iwwert d’Froe ronderëm de Budgetsdefizit, d’Wettbewerbsfähegkeet vun eise Betriber, d’Aarbechtslosegkeet a vill aner Froe méi.

Déi prinzipiell Fro ass déi, ob mer versiche weiderzefueren, d’Politike vu gëschter ze finanzéieren oder ob mer eis d’Mëttele ginn, d’Politike vu muer ze finanzéieren.

An der Vergaangenheet huet eist Land schons Momenter erlieft, déi méi schlëmm ware wéi déi vun haut, a mir hu se nach all gemeeschtert, well mer zesummegehalen hunn, well mer et verstanen hunn, wann et drop ukoum, fir zesummenzestoen, zesumme verantwortlech ze handelen. D’Regierung an d’Sozialpartner sinn elo fir d’éischt gefuerdert. Si sollen de Wee no vir beschreiwen. Mat Iwwerleeungen aleng ass et net gedoen. Et geet net nëmmen ëm de Plang vum Wee no vir, mee ëm säi Bau a seng Beschëlderung.

D’Chamber wäert mat hinnen diskutéieren a si bei der Formulatioun vun den Äntwerten op d’Froe vun eiser Zäit begleeden, an d’Chamber wäert, wann et dann esou wäit ass, hir Responsabilitéit iwwerhuelen an, als lescht Instanz, décidéieren. Alleguerten deenen, déi an dëse Reformprozess implizéiert sinn, wëll ech soen: Courage! Loosst mer deen néidege Courage hunn, fir kloer ze soen, wou mer haut musse méi kuerz trëppelen, fir dass mir an eis Kanner echt Zukunftschance behalen.

“D’Mënschen am Land erwaarde Reformen”

Loosst mer deen néidege Courage hunn, fir déi Reformen ze maachen, déi noutwendeg sinn, fir dass de Wee vu muer net verspäert gëtt. D’Mënschen am Land erwaarden a si bereet zu Reformen. D’Leit si vläicht schonn e gutt Stéck méi bereet, fir se ze acceptéieren, wéi d’Politik ass, fir se ze beschléissen.

Eng Saach awer läit mir um Häerz: Egal wou dass mer d’Reformen usetzen, ee Prinzip muss si alleguerten inspiréieren, nämlech dee vun der sozialer Gerechtegkeet. Speziell a schwieregen Zäite muss d’Gespier fir de Sënn vun de Wierder “sozial” a “gerecht” extra ausgeprägt sinn. Loosst mer elo handelen: solidaresch, gerecht a mat Courage. Wa mer zesummenhalen an zesummestinn, da packe mer et.

Wuertmeldung vum Lucien Weiler, Chamberpresident, publizéiert an der lëtzebuerger Presse Februar 2006