Umeldung bis den 18. Januar iwwer Mail : [email protected]
Weider Informatioun am Flyer
Download the flyerCSV Osten lued Iech häerzlech op hiren Workshop an, wou si sech mat wichtegen Themen aus hirer Regioun beschäftegen an zesumme Léisungen diskutéieren. Et ass eng Geleeënheet, fir déi lokal Erausfuerderunge besser ze verstoen an sech gemeinsam fir d’Zukunft anzesetzen.
Themen:
1. Schengen an oppen Grenzen: Däitschland huet säit Méint Grenzkontrollen agefouert. Wéi kënne mir den europäesche Geescht stäerken an eis fir oppen Grenzen asetzen?
2. Transport a Mobilitéit am Osten: Wéi kënne mir d’Ubannung vum ländleche Raum un d’Stad verbesseren an d’Mobilitéit fir all Bierger erliichteren? Wéi ass den Impakt vum Tram an d’Bedeitung vu Park & Ride um Findel?
3. Wäibau: Eis Wënzer stinn viru grousse Erausfuerderungen. Wat sinn d’Konsequenze vum Klimawandel, wirtschaftleche Facteuren a Reglementer fir d’Zukunft vun eisem Wäibau?
Är Meenungen a Virschléi si wichteg! Kommt laanscht a diskutéiert mat eis, fir zesummen eng zolidd Basis fir d’Zukunft ze schafen.
Fir d’Organisatioun ass eng Umeldung gefrot bis spéitstens 30.01.2025.
Schéckt eis eng Mail op [email protected]
Ricardo Marques, Bezierkspräsident
Frank Dumont, Bezierkssekretär
Generalversammlung vun der CSV Monnerech
Generalversammlung vun der CSV Suessem
Spueneschen Owend vun der CSV Käl-Téiteng
Uerdentlech Generalversammlung mat “Ham am Hee”
Empfang ab 10:45 Auer
Iessen ab 12:00 Auer
Dagesuerdnung
1. Begréissung vum Sektiounspresident Raoul WEICKER
2. Aktivitéitsrapport vun de Sekretärinnen Anaïs RASTEGAR an Simone HÉDO
3. Keesebericht vun der Tresorière Ivana SANTIN
4. Rapport vun de Keeserevisoren
5. Décharge vun der Trésorière
6. Décharge vum Comité
7. Rapport iwwer déi politesch Aktualitéit vun onse véier Gemengerotsmemberen:
– Thierry SCHUMANN (Buergermeeschter)
– Raoul WEICKER (Schäffen)
– Simone HÉDO (Conseillère)
– Jennifer BINTENER (Conseillère)
8. Gemeinsaamt Iessen (Kuckt fir de Menu w.e.g. am Unhang)
Download the flyerPaschtéitiessen vun der CSV Kielen
Léif Memberen vun der CSJ an der CSV-Hesper!
Mir lueden Iech heimadde frëndlechst an eiser Uerdentlecher Generalversammlung
bäizewunnen, déi e Mëttwoch, 12. Februar 2025, ëm 19.00 Auer, am Foyer vum Celo zu Hesper ofgehale gëtt.
Dagesuerdnung :
- Begréissung duerch d’Presidente vun der CSJ an CSV
- Aktivitéitsberichter 2024
- Keeseberichter 2024
- Rapporte vun de Keeserevisoren
- Éierung vu laangjäregen a verdéngschtvolle Memberen
- Programm 2025
- Fräi Aussprooch
- Als Ofschloss schwätzt d’Vizepresidentin Martine Hansen zum Thema:
Flächennotzung, ass et méiglech all déi verschidden Notzungen hin ze kréien, a wat muss prioritär behandelt ginn.
Um Enn vum offiziellen Deel vun eiser Generalversammlung offréiere mir Iech e klenge Maufel an e gudde Patt. Als Maufel gëtt et e Kéisbuffet, de mir Iech offréieren. Mellt Iech w.e.g. einfach u bis de 5. Februar 2025 [email protected] oder um Telefon un 691 561 524 (Philippe Ronvaux)
Dir hutt dann och nach Geleeënheet fir e puer Wuert mat eisen CSV-Gemengevertrieder ze wiesselen.
Generalversammlung vun der CSV-Käerjeng. Detailer komme no
Generalversammlung vun der CSV Maacher. Detailer komme no.
“Eng Wunneng fir jiddereen”, Konferenz vun der CSF Käl-Téiteng
Bezierkskongresser vun der CSV, CSF an CSJ Süden
Generalversammlung vun der CSV Stengefort.
Generalversammlung vun der CSV Rëmeleng
Dagesuerdnung
- Begréissung duerch d‘Sektiounspresidentin Claudine Tockert
- Tätegkeetsbericht vun der Sekretärin Nadine Weirich
- Keesebericht vum Tresorier Georges Kinn
- Rapport vun de Keeserevisoren
- Diskussioun an Decharge vum Tresorier a vum Comité
- Éierung vun eise laangjärege Memberen
- Politesch Aktualitéit vun dem Här Minister Léon Gloden an den Deputéierte Ricardo Marques (Bezierkspresident), Octavie Modert a Stéphanie Weydert
- Schlusswuert vum Buergermeeschter Paul Ruppert
- Fräi Diskussioun
Uschléissend offréiert Iech d’Sektioun Fluessweiler en Éierewäin an ee klenge Maufel.
Umeldunge fir d’Generalversammlung bis de 24. Februar 2025 ënnert [email protected] oder [email protected]
Weider Informatioune kommen no.
Bezierkskongress vun der CSV Norden. Detailer komme no.
Weider Informatioune kommen zu engem spéideren Zäitpunkt no.
Weider Informatiounen kommen no
Generalversammlung vun der CSV Kielen
Weider Detailer kommen no
Generalversammlung vun der CSV Steesel
Generalversammlung vun der CSV Péiteng
D’Bezierkskongresser vun der CSV, der CSF an der CSJ Osten. Weider Detailer kommen no.
Generalversammlung vun der CSV Réimech
Bezierkskongress vun der CSV Zentrum. Weider Detailer komme no.
Generalversammlung vun der CSV Diddeleng. Weider Detailer komme no.
Generalversammlung vun der CSV Dippech
weider Informatiounen kommen no
Generalversammlung vun der CSV Käl-Téiteng
Konferenz iwwer Depressiounen vun der CSF Monnerech. Weider Informatioune komme no.
Cornhole-Turnéier vun der CSV Käerjeng. Detailer komme no.
Schéckt eis Är Evenementer
Feelt en Evenement an eisem Agenda dat drastoe soll, da kënnt Dir eis gären d'Detailer zouschéken. Nom Ofschécke vum Formulaire kann et e puer Deeg dauere, bis d'Evenement um Site visibel ass.
Evenement schécken