Wéi vill Sue konnt d’Nationalbibliothéik iwwert de Wee vum Crowdfunding fir d’Bibel aus dem Mëttelalter sammelen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Kulturminister Eric Thill weiderzeleeden.

D’lescht Joer konnt d’Nationalbibliothéik en illustréierte Manuskript mam Alen a mam Neien Testament, deen an Zesummenaarbecht mam Iechternacher Skriptorium am fréie Mëttelalter entstan ass, fir de Präis vu 4,6Milliounen Euro kafen. An deem Kader huet d’Nationalbibliothéik e Crowdfunding lancéiert, deen de 17. Mäerz 2025 ausleeft.

An deem Zesummenhang wollt ech follgend Froen unden Här Kulturminister stellen:

Wéi vill Sue konnt d’Nationalbibliothéik iwwert de Wee vum Crowdfunding fir d’Bibel sammelen?
Wéi vill Doen a wat fir Zommen si vu Privatleitrespektiv vu Firmen zesummekomm?
Wéi ass den Ausgang anzeschätzen, och am Verglachzum Crowdfunding, deen den Nationalmusée fir de Kaf vum Bild “Champion” mam Nicolas FRANTZ vum Joseph KUTTER lancéiert hat?
Anescht wéi bei deem leschtgenannte Crowdfunding, ass d’Bibel schonn am Besëtz vun der Nationalbibliothéik. Firwat genee ginn d’Sue vum Crowdfunding an dësem Fall benotzt?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

                 

Nathalie MORGENTHALER

Deputéiert

Zréck