Är Pensioun. Eis Prioritéit

Eis Léisunge fir Är Pensioun

Mir iwwerhuele Verantwortung. An dat maache mir mat enger equilibréierter Reform, déi de Pensiounssystem fir déi nächst Joren ofséchert.

E méi nohaltege Pensiounssystem duerch eng equilibréiert Reform.

D’Zuelen si kloer: ouni Reform ginn d’Reserve relativ séier ofgebaut. Dofir handele mir elo. 

Mir stabiliséieren d’Finanze vum System, fir datt och an Zukunft jiddereen eng Pensioun kritt. Konkret wëlle mir:

  1. De reelle Pensiounsalter méi no un de legale Pensiounsalter vu 65 Joer erubréngen. Jiddereen, deen haut wéinst Zousazperioden (Studiejoren, Babyjoren, asw.) op 40 Joer Cotisatioun kënnt, muss an Zukunft graduell bis zu maximal 8 Méint méi laang schaffe goen.

    Fakt bleift: Jiddereen, dee 40 Joer geschafft a cotiséiert huet, kann och an Zukunft vu 57 Joer un an d’Pensioun goen.
     
  2. D’Cotisatiounen an d’Pensiounskeess ginn ëm 1,5 Prozent eropgesat, also jeeweils 0,5 Prozent pro Partner. Domat deele mir dës Belaaschtung gerecht tëscht de Betriber, de Salariéen an dem Staat op.

Schaffe muss sech lounen: Erfarung besser unerkennen

Mir wëllen d’Leit encouragéieren, fräiwëlleg méi laang an der Beruffswelt ze bleiwen. Dofir schafe mir nei, kloer an attraktiv Ureizer: Wien sech decidéiert, net direkt vun enger fréizäiteger Pensioun Gebrauch ze maachen, kritt eng Entlaaschtung („Abattement fiscal“) vu bis zu 750 Euro de Mount, dat heescht bis zu 9.000 Euro d’Joer.

Dat ass eng konkret Unerkennung fir déi, déi nach e puer Joer wëllen hir Kompetenzen an Erfarung abréngen.

Gläichzäiteg stäerke mir déi privat Altersvirsuerg, fir datt jidderee seng Pensioun flexibel a no senge Besoinen ausbaue kann. Amplaz vun 3.200 Euro kënnen an Zukunft bis zu 4.500 Euro d’Joer steierlech ofgesat ginn. Domat ginn nei Perspektiven opgemaach, fir déi, déi zousätzlech fir an hir Pensioun investéiere wëllen.

D’Recht op d’Pensioun mat 65 bleift bestoen.

A villen europäesche Länner ass de legale Pensiounsalter däitlech méi héich. Zu Lëtzebuerg huet weiderhin all Mënsch d’Recht, spéitstens mat 65 Joer an d’Pensioun ze goen.

E flexibele Wee an d’Pensioun.

Mat der “Pension progressive”, och am Privatsecteur, kann een seng Aarbechtszäit reduzéieren an esou lues aus dem Beruff erausklammen.

Et schafft ee manner, kritt nach e Salaire, an de Rescht gëtt als Pensioun bezuelt.

Eng modern, mënschlech a flexibel Léisung fir den Iwwergang vum Beruff an d’Pensioun.

Méi Rechter fir déi Jonk.

Bis elo konnten d’Studiejoren nëmmen tëschent dem 18. a 27. Liewensjoer fir d’Pensioun ugerechent ginn.

Mat dëser Reform kënnen elo bis zu 9 Joer Studium oder Formatioun fir d’Pensioun ugerechent ginn, onofhängeg dovun zu wéi engem Zäitpunkt am Liewen se gemaach goufen.

Domat passe mir de System un d’Realitéite vun de modernen Aarbechts- a Liewensrealitéiten un.

Den “13. Mount” bleift integral bestoen.

D’Joresenn-Zoulag gëtt bäibehalen. Domat erkenne mir den Asaz an d’Efforte vun de Rentner vun haut weider un.

Schutz fir déi mat schwéierer Aarbecht.

Wie säi Liewe laang kierperlech schwéier geschafft huet, brauch duerch des Reform net méi laang schaffen ze goe. D’Pensioun vu 57 Joer u bleift dowéinst ënnert deene selwechte Konditioune bestoe wann ee 40 Joer cotiséiert huet.

Är Pensioun. Eis Prioritéit. CSV.