Är Sécherheet. Eis Prioritéit.

Eis Léisunge fir Är Sécherheet.

Mir hale Wuert. An de leschten 2 Joer hu mir als CSV eng ganz Partie Moossnamen ëmgesat déi Är Sécherheet stäerken an Äert Sécherheetsgefill verbesseren. 

Méi Personal fir méi Police-Präsenz um Terrain

Mir hunn de Kontingent vum Rekrutement vun 160 op 200 Polizistinnen a Poliziste pro Joer eropgesat. Mir hunn de Police-Corps konsequent ausgebaut: Den Total vum Effectif ass vun 3.100 op ronn 3.400 Polizisten, Zivilisten a Stagiairen eropgaangen. 

Méi no bei de Leit

Mat der neier « Unité de Police locale » a modernem Equipement brénge mir d’Police erëm zeréck op den Terrain – méi no bei Iech. 

Mat méi Präsenz am Alldag

Méi Präsenz bedeit méi Proximitéit. Méi Proximitéit bedeit besser Präventioun. A besser Präventioun bedeit méi Sécherheet. 

Méi Sécherheet am ëffentleche Raum

Mat vereinfachte Prozedure fir méi Kameraen am ëffentleche Raum, virun allem op sensibele Platzen, suerge mir fir Är Sécherheet. 

Méi Mëttel fir Justiz a Police

Mir stellen der Justiz an der Police déi néideg digital Mëttelen an technesch Equipementer zur Verfügung fir konsequent géint déi schwéier organiséiert Kriminalitéit virzegoen. 

Méi Riichtere fir eng efficace Justiz

Fir dem Manktem u Riichtere entgéintzewierken stelle mir an de nächsten 3 Joer bal 100 zousätzlech Leit an der Magistratur an. 

Zesumme mat engem vereinfachten Zougang zum Riichter-Beruff erlaben mir e méi breeden Recrutement. 

Méi Konsequenze bei schwéiere Strofdoten

Bei schwéiere Strofdoten – wéi zum Beispill Sexualdelikter – soll an Zukunft e Sursis nëmmen nach dann zougelooss ginn, wann de Riichter dëst speziell a grëndlech motivéiert. 

Är Sécherheet. Eis Prioritéit. CSV.