Wéi eng Ursaachen geséit den Educatiounsminister doran, dass Schüler zounehmend an d’Ausland an d’Schoul ginn? 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Mengen Informatiounen no geet ervir, dass ëmmer méi Schüler sech dozou entscheeden hir schoulesch Ausbildung an engem vun de Nopeschlänner ze maachen anstatt zu Letzebouerg.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen:

  • Kann den Educatiounsminister dës Aussoe confirméieren? Wa jo, huet den Educatiounsminister offiziell Zuelen déi dëss Aussoe bestätegen? Huet den Educatiounsminister offiziell Zuelen vun denen Schüler déi och hiren Oofschloss am Ausland maachen?
  • Wéi eng Ursaachen geséit den Educatiounsminister doran, dass Schüler zounehmend an d’Ausland an d’Schoul ginn?
  • Wéi eng Mesuren geséit den Educatiounsministère fir fir an Zukunft esou eng Fuite vun de letzboieschen Schüler an auslännesch Schoulen ze vermeiden?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Paul Galles

Députéiert

Zréck