Kann den Här Minister mech driwwer informéieren, no wéi engem Statut d’Equipage vun German Airways behandelt ginn, no deem lëtzebuergeschen oder no deem däitschen ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit weiderzeleeden.

D’Fluchgesellschafte Luxair an German Airways hu bekannt ginn, hir Zesummenaarbecht bis November 2023 ze verlängeren. Konkret bedeit dat, dass d’Luxair vu Mäerz 2023 un net méi just een, mee dann zwee Fligere vun German Airways wäert am Asaz hunn. Et handelt sech dobäi ëm e sougenannte „Wetlease“- Kontrakt, wat bedeit, dass och den Equipage mat iwwerholl gëtt.

Béid Maschinne wäerten an de Luxair-Faarwen ënnerwee sinn. D’Kooperatioun mat German Airways soll der Luxair hëllefen, d’Passagéierspëtzten an de Summerméint opzefänken.

An deem Kontext wéilt ech folgend Fro un den Här Minister fir Mobilitéit stellen :

  • Kann den Här Minister mech driwwer informéieren, no wéi engem Statut d’Equipage behandelt ginn, no deem lëtzebuergeschen oder no deem däitschen ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck