Kann de Minister confirméieren, datt et zäitweis zu Enkpäss kënnt an datt eenzel essentiell Medikamenter net ëmmer disponibel sinn?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Eisen Informatiounen no kënnt et zanter enger Weil ëmmer nees zu Enkpäss bei verschidden essentielle Medikamenter. Eenzel Medikamenter sinn zäitweis an den Apdikten net op Stock. An deem Kontext wollte mir folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen.

  • Kënnt Dir confirméieren, dat et zäitweis zu Enkpäss kënnt an dat eenzel essentiell Medikamenter net ëmmer disponibel sinn?
  • Wat sinn d’Ursaachen vun dësen Enkpäss?
    • Handelt et sech ëm Produktiounsproblemer bei den Hiersteller?
    • Handelt es sech em Liwwerenkpäss, well Lëtzebuerg bei der Versuergung vu Medikamenter vum Ausland ofhängeg ass an dofir nëmmen eng gewëssen Quantitéit am Mount geliwwert kritt?
      • Wa jo, stëmmt et, dat de Präis vun eenzelen speziellen Medikamenter zu Lëtzebuerg méi niddreg ass, an dofir am Fall vun Enkpäss verschidde Nopeschlänner, wou de Präis méi héich ass, fir d’éischt beliwwert ginn?
  • Ass d’Versuergung vun de Patienten geséchert?
  • Wat wëllt d’Regierung maachen, fir d‘Situatioun ze verbesseren?

 

Martine Hansen

Jean-Marie Halsdorf

Zréck