Sinn zu Lëtzebuerg Fäll vu gesondheetleche Problemer oder Doudesfäll duerch syntheetesch Droge wéi Fentanyl bekannt ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weiderzeleeden.

An den USA sinn no Medieberichter lescht Joer iwwer 80.000 Leit duerch eng Iwwerdosis vun Opioide gestuerwen – siwe Mol méi wéi nach virun 10 Joer. An deene meeschte Fäll ware sougenannte syntheetesch Droge wéi Fentanyl am Spill. Bei den Affer klëmmt d’Zuel vun de Jugendleche besonnesch séier, duerch gefälschte Medikamenter, déi si sech iwwer déi sozial Netzer wéi Snapchat, TikTok oder Instagram beschafen, wou d’Dealeren hinnen oplaueren.

Als Beispill sief un de rezenten Dout vun engem 16-järegen US-amerikanesche Meedchen erënnert. Wou et owes schlofe gaangen ass, huet et gemengt, e Medikament géint Péng an Angschtzoustänn ze huelen. Mee d’Pëll, déi et geholl huet, war Fentanyl. En Opioid, dee bis zu 50 Mol méi staark ass wéi Heroin.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Minister fir Gesondheet stellen :

  • Sinn zu Lëtzebuerg Fäll vu gesondheetleche Problemer oder Doudesfäll duerch syntheetesch Droge wéi Fentanyl bekannt ?
  • Wa jo, wéi vill Fäll goufe bis elo gezielt a wéi al si respektiv waren déi betraffe Leit ?
  • Wéi schätzt d’Madamm Minister de Risiko vun enger Verbreedung vu Fentanyl zu Lëtzebuerg an ?
  • Wat ass geplangt, fir virun allem jonk Leit iwwer d’Risike vu Fentanyl oder änleche Substanzen opzeklären ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Max Hengel

Zréck