Wéi sollen déi Gemengen déi momentan kee Ruffbus-System hunn, kuerzfristeg en Transport fir d’Leit an d’ Impfzentren organiséieren?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den d’Madamm Minister fir Gesondheet an d’Madamm Inneminister weider ze leeden.

An der aktueller Impfphase géint de Covid-19 ginn d’Leit drop higewisen datt si sech bei hirer Gemeng kënne melle fir eventuell den Transport an en Impfzenter kënnen ze garantéieren. D’Madamm Gesondheetsminister hat effektiv esou eng Ausso an enger Pressekonferenz zur Impfstrategie gemaach. D’Gemengeresponsabel hunn och eng Circulaire vum Inneministère kritt mat engem Opruff d’Méiglechkeet vun der Organisatioun vun esou engem Transport ze préiwen an de Leit zur Verfügung ze stellen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Ass d’Regierung der Meenung datt eng Annonce an enger Pressekonferenz an eng Circulaire ministerielle duergi fir des Aufgab vum Transport un d’Gemengen ofzeginn?
  2. Wéi sollen déi Gemengen déi momentan kee Ruffbus-System hunn, esou kuerzfristeg en Transport fir d’Leit organiséieren?
  3. Wien iwwerhëlt d’Finanzéierung vun dësem Transport?
  4. Deelt d’Regierung d’Meenung datt eng national Organisatioun, mat enger eenzeger Hotline fir den Transport déi besser Léisung wier?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck