Stëmmt et, datt a verschiddenen Schoulen am Kader vun de „classes de neige“ Schistagen uganks Februar geplangt ginn ?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech folgend parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

 

Laut mengen Informatiounen ginn an verschiddenen Schoulen am Kader vun de „classes de neige“ Schistagen uganks Februar geplangt.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung dëst bestätegen ?
  • Virum Hannergrond vun der aktueller Kris, kann de Minister eis déi offiziell Linn wat dës Schivakanzen ubelaangt mattdeelen ?

 

Mat déifstem Respekt,

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck