Stëmmt et datt 200 Employé‘en pro Spidol an den Victor Hugo mussen kommen vir geimpft kënnen ze ginn an datt dës Leit d’Impfung net kënnen an de jeeweilegen Kliniken kréien?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Staatsminister ewéi och un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

 

De 17. Dezember 2020 häett d’Madamm Gesondheetsministesch, laut eisen Informatiounen, de Spidolsdirekteren matgedeelt, datt si den 28. an den 29. Dezember jeeweils 200 Leit pro Spidol an d’Staat schécken sollen vir dass dëst Personal geimpft kann ginn. Tatsächlech, géifen dann em déi 800 Leit an d‘Victor Hugo Haalen um Lampertsbierg zitéiert ginn. Op den Spidolsdirekteren hier Propos hin, d’Personal mol vir den Ufank an de jeeweilegen Spideeler ze impfen, anstatt dës Mass vu Leit an d’Staat kommen ze loossen, déi dann no 3 Wochen erëm muss an d’Ausstellungshalen pilgeren, huet d’Madamm Gesondheetsministesch keng suite favorabel ginn.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung bestätegen datt 200 Employé‘en pro Spidol an den Victor Hugo mussen kommen vir geimpft kënnen ze ginn an datt dës Leit d’Impfung net kënnen an de jeeweilegen Kliniken kréien?
  • Aus wéi engem Grond sollen 800 Leit aus de Spideeler an d’Victor Hugo Haalen goen fir hier Impfung, wëssend dass d’Personal dréngend an sengen Haiser gebraucht gëtt ?
  • Firwat kënnen déi 800 Leit net am jeeweilegen Spidol geimpft ginn? Firwat muss d’Personal seng Fraizäit afferen an Hin-an Hierfueren, wann dee selwechten Exercice am Spidol gemaach gëtt?
  • Ass d’Regierung net och der Meenung, datt et méi einfach vir dat jeeweilegt Spidolspersonal wier vir am Spidol selwer geimpft ze ginn, esou wéi et och vun den Spidolsdirekteren proposéiert ginn ass?
  • Vu datt d’Impfung op fräiwëlleger Basis berout, wëssen déi eenzel Spideeler bis dato nach net ob si 200 Leit zesummen kréien, déi sech impfen loossen. Huet d’Regierung sech schonn domat auserneen gesat? Wat geschitt wann ee Spidol dës 200 Leit net zesummen kritt?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Georges Mischo

Deputéierten

Zréck