Erneierung, Asaz a Responsabilitéit

Déi nächst Wahle sti ganz am Zeeche vun der Erneierung. D’CSV-Gremie sinn opgeruff hier Komiteeën nei ze besetzen. Et ass dat e wichtegen Akt, dee souzesoe fir neie Wand an der Kontinuitéit suergt. Den CSV Generalsekretär Marco Schank am Profil, 17. Oktober 2009

Déi nächst Wahle sti ganz am Zeeche vun der Erneierung. D’CSV-Gremie sinn opgeruff hier Komiteeën nei ze besetzen. Et ass dat e wichtegen Akt, dee souzesoe fir neie Wand an der Kontinuitéit suergt.

Op dem Kongress steet natierlech och e Bléck no hannen um Ordre du jour. Eise Bilan ass e positiven. Mir hunn als CSV eis Positioun bei de leeschte Wahlen ouni Zweiwel gestäerkt. D’Walresultat ass deemno eng Verpflichtung fir eis alleguer. CSJ, CSF an CSG, d’Bezierker an eis Seniore sinn nieft de ville fräiwëllegen Hänn an de Sektioune mat responsabel fir de Walerfolleg. Och op si kënnt eng nei Etapp zou, kommen nei Aufgaben an Erausfuerderungen duer, di Asaz, Kompetenz an ebe Responsabilitéit verlaangen.

Eng wichteg Stäip an eiser CSV ass d’Gespréich an den Austausch, verbonne mat Memberen a Mandataire, déi Dag fir Dag ënnerwee sinn, déi sech mat Asaz fir eng Saach engagéieren. Vill Schrëtt an Initiativen hunn dozou bäigedroen, datt eis CSV do steet, wou se lo ass.

Vun dëser Plaz dofir ee grousse Merci. An allen, déi an den nächste Wahlen nei oder aner Responsabilitéit an eise Gremien iwwer huele wënschen ech all Guddes.

Zesumme wuessen duerch Erneierung, Asaz a Responsabilitéit.

Marco Schank, CSV-Generalsekretär