Wéi ka sécher gestallt ginn, dass Gidder, déi keen CE Zertifikat hunn, net duerch d’Hannerdier importéiert ginn?

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Konsumenteschutz, den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus an den Här Finanzminister weider ze leeden.

Déi chineeschesch Online-Vermaartungsplattform Temu huet déi läscht Méint weltwäit immens vill Clients fir sech gewonnen an ass och amgaangen an Europa ëmmer méi präsent ze ginn. Dës Plattform lackelt d’Clients mat ganz nidderege Präisser, ass awer och schonn negativ opgefall wéinst net gemaache Liwwerungen oder Liwwerunge vun net konformen oder defekte Gidder. Ausserdeem ginn d’Gidder, déi iwwert dës Plattform bestallt goufen, oft net richteg deklaréiert an et gëtt mat alle Mëttel probéiert, laanscht d’Zollpflicht ze kommen.

Dowéinst hunn ech follgend Froen un d’Madame Ministesch fir Konsumenteschutz, den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus an den Här Finanzminister :

  • Sinn der Regierung dës Problemer bekannt?
  • Wa jo, ginn et Pläng fir eng Flut vu falsch declaréierten an/oder net konforme Gidder anzedämmen oder ze verhënneren?
  • Ginn et Statistiken, wéi vill Päck falsch declaréiert goufen a wéi vill sinn op dës Plattform zeréck ze féieren?
  • Wéi ka sécher gestallt ginn, dass Gidder, déi keen CE Zertifikat hunn, net duerch d’Hannerdier importéiert ginn?
  • Wat kënne Verbraucher ënnerhuelen, wann si net konform Gidder geliwwert kréien?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Stéphanie Weydert

        Deputéiert

Zréck