Sinn d’Ministeren a Gespréicher mat den Dirigenten vu Guardian Lëtzebuerg fir d’Zukunft vun hirer Produktioun zu Lëtzebuerg ze sécheren? Ass d’Regierung am gaangen ze préiwen wéi eng Mëttelen hinnen zur Verfügung stinn fir de Standuert Lëtzebuerg ze erhalen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit biede mir lech eng dringend parlamentaresch Fro un den Här Wirtschaftsminister an den Här Minister fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft betreffend d’Zukunft vu Guardian zu Käerjeng weiderzeleeden.

An engem rezenten Reportage op RTL heescht et, dass nom Site Diddeleng och d’Zukunft vun der Fabrick vu Guardian zu Käerjeng ongewëss wier :

  • am November 2022 géif de Glasuewen zu Käerjeng un d‘Enn vu senger Lafzäit ukommen a misst ersat ginn,
  • et wieren aktuell awer keng Investissementspläng virgesinn,
  • Guardian géif aktuell och eng Fabrick a Polen a Betrib huelen mat der duebeler Capacitéit wéi déi zu Lëtzebuerg.

450 Leit géifen op aktuell op deenen 2 Site schaffen an d’Angscht bäi de Mataarbechter wier grouss, virun allem well och vill eeler Mataarbechter an der Firma schaffe géifen.

De 14. Mee 2018 hat de fréieren Wirtschaftsminister nach d’Memberen vun der Direktioun vum Guardian-Grupp an Amerika besicht an et goung rieds iwwer d’Zukunft vun hirer Presenz hei zu Lëtzebuerg.

An enger Äntwert op enger parlamentaresch Fro zu méigleche Fermeturen vun de Sitten Diddeleng a Käerjeng huet et vu Säiten vun der deemoleger Staatssekretären fir Wirtschaft geheescht:

Bei der Entrevue tëschent dem Wirtschaftsminister a Guardian goung et ëm nei Investissementer, fir déi zwee Sitten auszebauen, ze stabiliséieren an ze erhalen. Et war keng Diskussioun doriwwer, fir ee Site zouzemaachen. D’Grondstëmmung bei deene Gespréicher war positiv, ganz positiv, am Sënn vu weideren Investitiounen zu Lëtzebuerg, fir déi zwee Standuerter ze stäerken. (…) Här President, an dësem Dossier stinn d’Zeeche vun eiser Industriepolitik op Gréng.

Opgrond vun de rezente Virgäng wéilte mir folgend Froen un d’Häre Ministere stellen:

  • Wat huet sech zanter den zouversiichtlechen Aussoen vun der deemoleger Staatssekretärin an haut an der Politik vum Grupp Guardian geännert, dass de Standuert Lëtzebuerg an Zukunft méiglecherweis eng kleng bis keng Roll méi spillt?

 

  • Wéi eng Engagementer goufen et viru bal genee 2 Joer vu Säiten vum Grupp wat d’Zukunft vum Standuert Lëtzebuerg betrëfft?

 

  • Ginn et eventuell Versäumnisser vu Säiten vun der Regierung, déi dozou gefouert hunn, dass sech de Grupp vu Lëtzebuerg manner staark fir Lëtzebuerg interesséiert?

 

  • Sinn d’Ministeren aktuell a Gespréicher mat den Dirigeanten vum Guardian Grupp oder vu Guardian Lëtzebuerg fir d’Zukunft vun hirer Produktioun zu Lëtzebuerg ze sécheren? Ass d’Regierung am gaangen ze préiwen wéi eng Mëttelen hinnen zur Verfügung stinn fir de Standuert Lëtzebuerg ze erhalen?

 

  • Kënnen d’Ministeren ausschléissen, dass et zu Plazenofbau bäi der Firma zu Lëtzebuerg kënnt? Sollt dat net Fall sinn, kann d’Regierung eis matdeelen, wéi eng Begleetmoossnamen virgesi sinn, fir déi Beschäftegt opzefänken an och séier nees an Aarbecht ze bréngen?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Michel Wolter

Deputéierten

Marc Spautz

Deputéierten

 

Zréck