Steierreform 2028: Déi wichtegst Froen an Äntwerten
1. Wat ännert sech mat der Steierreform 2028?
Vum Steierjoer 2028 u gëtt et eng eenheetlech Steierklass fir all d’Leit zu Lëtzebuerg.
Déi aktuell Steierklassen 1, 1a an 2 ginn domat no an no ofgeschaaft.
An Zukunft soll net méi de Familljestand entscheeden, no wéi engem Steierbarème ee besteiert gëtt.
D’Zil ass e méi einfachen a moderne Steiersystem.
E Steiersystem, dee mat der Zäit geet.
Eng Steierklass fir jiddwereen. Méi einfach, méi transparent a méi fair.
2. Wat bedeit déi nei Steierklass konkret fir mech?
D'Steierreform bedeit fir d'Leit eng finanziell Entlaaschtung. Méi Netto vum Brutto. Keen soll no der Reform méi Steiere bezuelen.
Gläichzäiteg bréngt déi nei Steierklass méi Stabilitéit a méi Planungssécherheet. Wann ee bestuet gëtt, sech scheede léisst oder säi Partner verléiert, ännert sech an der neier Steierklass U net méi automatesch d’Besteierung.
D'Zil ass kloer: Méi Netto vum Brutto, ouni datt Leit duerch d'Ëmstellung op déi nei Steierklass finanziell verléieren.
Dofir gëtt et besonnesch fir déi aktuell Steierklass 2 eng laang Iwwergangszäit.
3. Wéini trëtt d'Steierreform a Kraaft?
Déi nei Steierklass gëllt vum 1. Januar 2028 un.
Si gëllt direkt fir all déi, déi vun deem Datum un nei an de Steiersystem kommen. Zum Beispill Jonker, déi hir éischt Aarbecht ufänken.
Fir Leit, déi schonn am Steiersystem sinn, ginn et ënnerschiddlech Reegelen. Si hänken vun der aktueller Steierklass oof.
4. Wat geschitt mat de Steierklassen 1 an 1a?
Léit, déi elo an der Steierklass 1 oder 1a sinn, wiesselen den 1. Januar 2028 automatesch an déi nei Steierklass U.
Dat betrëfft ënner anerem Jonggesellen, Elengerzéier, Wittleit a Leit iwwer 64 Joer.
Déi nei Steierklass U ass fir dës Leit finanziell méi virdeelhaft.
Si profitéiere vun engem méi gënschtege Steierbarème a bezuelen domat bei engem vergläichbare besteierbaren Akommes manner Steieren.
Rechebeispiller Steierklass 1 an 1a