Mateneen. Fireneen. Accord an der Tripartite!

De Premierminister Luc Frieden huet haut een Accord an der Tripartite verkënnegt a soot an deem Kontext

"Mir sinn eis eiser Verantwortung bewosst. An dofir si mir och op d'Sozialpartner duergaangen. Mir hunn nogelauschtert, mir hunn diskutéiert. An dofir sinn ech eigentlech ganz zefridden, och wann de Sujet schwiereg war, och wann d'Diskussiounen heiansdo intensiv a schwiereg waren, datt mer et fäerdeg bruecht hunn, en Accord mat de Sozialpartner ze fannen. Am Interêt vun de Leit, am Interêt vun de Betriber an domadder am Interêt vum Lëtzebuerger Land."

Ziler vun dësem Accord sinn:

✅ Kafkraaft stäerken
Mat enger Energiepräisbrems, engem Crédit d’impôt conjoncture ab dem 1. Juli an 200 € méi Netto beim Mindestloun.

✅ Aarbechtsplaze schützen
Mat cibléierten Hëllefe fir Betriber, besonnesch an der Logistik an an der Landwirtschaft.

✅ Energietransitioun virundreiwen
Mat engem méi attraktive Klimabonus Wunnen an engem virgezunne Leasing social fir Elektromobilitéit.

💬No de Verhandlunge sot de Luc Frieden:

Et ass un der Regierung ze kucke fir d’Leit am Land ze schützen, fir derfir ze suergen, datt d’Liewe weidergeet an datt dat, wat mer zesummen opgebaut hunn, net vu baussen duerch eng Kris, déi op eis zoukënnt, déi zum Deel do ass, verschlechtert gëtt.“

Dat ass eng verantwortungsvoll Politik. 

Dat ass geliefte Sozialdialog. Mateneen. Fireneen.