CSV Newsletter #1/2026

An der éischter ëffentlecher Sëtzung vum Joer 2026 krut d’CSV mam Georges Mischo en neien Deputéierten an d’Fraktioun.

Nieft enger Rei Gesetzer, déi gestëmmt goufen, stoungen awer och direkt e puer Aktualitéitsstonnen um Ordre du Jour, wou et ëm déi international Aktualitéit am Venezuela, Grönland an am Iran gaangen ass, an awer och eng Diskussioun iwwert den Accès vu Kanner a Jugendlechen zu de soziale Medien. Weider Präzisiounen an och all d’Rieden am Video fannt der wéi gewinnt hei an eiser Newsletter.

Image NL 1/2026
Newsletter #1 2026