Nieft de Banken a Fonge stellt den Assurancësecteur e weideren a wichtege Pilier duer vun der Lëtzebuerger Finanzplaz. Iwwer d'Perspektiven a Defie vun dësem Finanzberäich hunn sech déi Deputéiert Diane Adehm, Stéphanie Weydert an Octavie Modert mat der Associatioun vun den Assurancëgesellschaften ACA ausgetosch.