D'CSV verdeedegt d’Fräiheet vun de Fraen an hiert Recht op Selbstbestëmmung.

Den Nationalrot vun der CSV ass de 29. September zesummekomm, fir iwwert de Virschlag vun enger Verfassungsännerung ze diskutéieren, deen an der Chamber deposéiert gouf. 

Den Nationalrot huet sech mat enger grousser Majoritéit dofir ausgeschwat, d’Fräiheet vum fräiwëllege Schwangerschaftsofbroch, ënnert de Konditiounen, déi am Gesetz festgehale sinn, an d’Verfassung ze schreiwen. Domat bekräftegt d'CSV hiert kloert Engagement fir d’Rechter vun de Fraen an hir Fräiheet ze entscheeden. 

D'CSV ass der Meenung, datt dëst de fräie Choix vun de Frae stäerkt, an domat och hiert Recht op kierperlech a sexuell Selbstbestëmmung, dat am volle Respekt vun den demokratesche Prinzipien an der "Liberté de conscience". 

D'CSV hält un der aktueller Gesetzgebung iwwert d’Ofdreiwung fest a gesäit keng weider Ännerunge vun dësem Text vir. 

Fir dëser Verfassungsännerung déi gréisst méiglech Legitimitéit ze ginn, wäert d'CSV – zesumme mat sengem Koalitiounspartner – d'Gespréich mat den anere Parteie sichen, déi an der Chamber vertruede sinn. 

Pressecommuniqué vum 29. September 2025