Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister an den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus, weider ze leeden.
Den 29. Oktober 2026 goufen sech d'Sozialpartner zu Senneng eens fir d'Präisbäihëllefe fir Stroum, Heizueleg a Gas bis den 31. Dezember 2027 ze verlängeren. Ausserdeem soll d’Gasbäihëllef op d’Benotzer vu Flësseggas ausgeweit ginn. Eng entspriechend Präisbäihëllef fir Holzpellets ass dogéint net virgesinn.
Stéit, déi mat Holzpellets hëtzen, sinn awer och mat héije Brennstoffkäschte konfrontéiert. E Fournisseur zu Lëtzebuerg publizéiert fir Oktober 2026 beispillsweis Präisser vu 434,16 Euro pro Tonn bei enger Bestellung vu fënnef Tonnen, respektiv 448,92 Euro pro Tonn bei dräi bis véier Tonnen. Bei engem ugehollene Präis vu 450 Euro pro Tonn an engem Joresverbrauch vun zéng Tonnen erginn sech eleng fir de Brennstoff Ausgabe vu 4.500 Euro.
Och d’Präisentwécklung am Laf vun dësem Joer verdäitlecht dës Belaaschtung. Laut dem Deutschen Pelletinstitut (DEPI) ass den däitschlandwäiten Duerchschnëttspräis fir Holzpellets en Vrac bei enger Bestellquantitéit vu sechs Tonne vu 405,33 Euro pro Tonn am Januar 2026 op 464,61 Euro am Oktober 2026 geklommen. Dat entsprécht enger Hausse vu ronn 14,6 Prozent. Dës Vergläichswäerter ginn en Hiweis op d’Präisentwécklung um Nopeschmaart.
An de Joren 2023 an 2024 gouf et fir déi berechtegt Liwwerunge vun Holzpellets en Vrac eng staatlech Präisreduktioun vu 35 Prozent, limitéiert op 200 Euro pro Tonn. Gläichzäiteg gouf d’Installatioun vu Pelletheizungen duerch staatlech Investitiounsbäihëllefe gefërdert a gëtt och am Kader vum Klimabonus 2026 ënner bestëmmte Konditioune weider ënnerstëtzt.
An dësem Zesummenhang géife mir follgend Froe stellen:
- Iwwer wéi eng Donnéeë verfüügt d’Regierung zur Entwécklung vun den Endverbraucherpräisser fir Holzpellets fir ze hëtzen zu Lëtzebuerg zënter Januar 2026? Wéi héich sinn déi absolut a prozentual Präisverännerunge bei vergläichbare Liwwerbedéngungen?
- Wéi vill Stéit benotzen no de rezentste verfügbaren Donnéeën Holzpellets als Haaptenergiequell fir ze hëtzen? Wéi eng Erkenntnisser leien iwwer hire Joresverbrauch an hir finanziell Belaaschtung vir?
- Gouf eng Präisbäihëllef fir Holzpellets bei der Ausschaffung vum Resilienzpak a senger rezenter Verlängerung gepréift? Wéi eng Grënn waren ausschlaggebend dofir, keng entspriechend Mesure virzegesinn?
- Huet d’Regierung wëlles, déi fréier Pelletbäihëllef ze reaktivéieren oder en ugepassten Ënnerstëtzungsmodell anzeféieren? Wa jo net, aus wéi enge Grënn?
Här President, mir bieden Iech, onsen déifste Respekt unzehuelen.