Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Äech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil an un d’Madame Ministesch fir Digitaliséierung weiderzeleeden.
Déi europäesch Direktiv iwwert d’Accessibilitéit vu Gidder an Déngschtleeschtungen gouf mam Gesetz vun 2023 ëmgesat, wat am Juni 2025 a Kraaft getrueden ass. Am Kader vun dësem Gesetz gouf den OSAPS (Office de la surveillance de l'accessibilité des produits et services) geschaf, fir bei der Ëmsetzung ze hëllefen, awer och fir als Ulafstell fir Reklamatiounen vun de Bierger·innen ze déngen. D’Internetsite sinn och Deel vum Uwendungsberäich vum Gesetz vun 2023, an et läit no, dass déi ëffentlech Instanzen, also de Staat, seng Verwaltungen, an och d’Gemengen, solle mam gudde Beispill virgoen an hir Internetsiten esou gestalten, dass se barrierefräi si fir Mënschen mat enger Beanträchtegung. Deementspriechend ginn Auditen vun de Site gemaach, fir se op d’Accessibilitéit ze préiwen. Elo wou d’Gesetz säit engem hallwe Joer a Kraaft ass, wier et ee gudden Ament en 1. Bilan ze zéien.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil an un d’Madame Ministesch fir Digitaliséierung stellen:
Wéi vill ëffentlech Internetsite goufe per Audit op hir Barrierefräiheet gepréift?
Wéi vill ëffentlech Internetsite erfëllen all Accessiblitéitscritèren?
Bei wéi villen ëffentleche Siten muss nach nogebessert ginn?
Gi Kontrolle gemaach, dass d’Recommandatiounen aus den Auditen fir d’Verbesserung vun den ëffentleche Site a puncto Accessibilitéit ëmgesat ginn?
Bis wéini solle sämtlech ëffentlech Siten hei am Land d’Accessibilitéitscritèren erfëllen?
Här President, ech bieden Äech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Nathalie MORGENTHALER
Deputéiert