Zënter dem 21. Mee ginn et op de Linne 508 a 601, déi vun Ottange iwwert Käl/Téiteng a Richtung Lëtzebuerg-Gare fueren, 7 Busse manner. Ass dem Här Minister dës Problematik bekannt a gedenkt den Här Minister de Fuerplang vun dëse Linnen unzepassen?

Här President,

 

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

 

Säit der Reorganisatioun vum RGTR-Reseau kënnt et ëmmer rëm zu Reklamatioune vu Passanten, well entweeder Linne ganz gestrach gi sinn, oder Busse manner oft circuléieren. Dëst schaaft virun allem Problemer zu den Haaptzäite vum Verkéier, also Moies an Owes.

 

Zënter dem 21. Mee 2023 ginn et op de Linne 508 a 601, déi vun Ottange (F) iwwert Käl/Téiteng a Richtung Lëtzebuerg-Gare fueren, 7 Busse manner. Dat ass eng Reduktioun vun 33 % am Verglach zu der aler Linn 601. Virun allem fueren tëschent 06h00 a 06h30, also zur Spëtzestonn, 3 Busse manner. Dëst ass ëmsou méi problematesch well d’Busser déi duerch d’Uertschaften Téiteng a Käl fuere scho voll sinn. Dovun ofgesinn huet keng Linn méi säin Depart zu Téiteng.

 

An dem Kontext wéilt ech folgend Froen un de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

 

  • Ass dem Här Minister dës Problematik bekannt?
  • Gedenkt den Här Minister de Fuerplang vun dëse Linnen unzepassen?
    • Wa jo, wéini a wéi ?

 

 

Här President, ech bieden Iech dës Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck