Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Premierminister weider ze leeden.
D’Direktioun vum Insitutut Luxembourgeois de Régulation (ILR) huet Medieberichter bestätegt, datt en Dokument mat perséinlechen Donnéeë vun engen 10.000 Leit, déi doheem eng Installatioun hunn, fir Stroum ze produzéieren, 9 Méint laang online ëffentlech zougänglech war. Grond dofir wier eng falsch Manipulatioun gewiescht.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Premierminister stellen:
- Wéi vill Prozent vun de Leit, déi doheem Stroum produzéieren si vun dësem Leak betraff?
- Duerch wat ass de Feeler opgefall?
- Wéi ass et méiglech dass dëse Feeler wärend 9 Méint net opgefall ass?
- Wuelwëssend dass ëmmer méi KI an der Cyberkriminalitéit zum Asaz kënnt, an dobäi och déi verschiddenst Privatdonnéeën vu Leit genotzt ginn, wien ass responsabel falls ee Client geschiedegt sollt ginn op iergendeng Aart a Weis op der Basis vun den Donnéeën déi online zougänglech wären?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Diane Adehm
Deputéiert
Zréck