Wien soll kontrolléieren, op effektiv op all neien Daach eng Fotovoltaik-Anlag installéiert gouf?  

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Premierminister an un den Här Energieminister weiderzeleeden.

A senger Ried zur Lag vun der Natioun sot de Premierminister, „datt no enger Transitiounsphas op der ganzer Daachfläch vun all nei Konstruktioun eng Photovoltaique-Anlag muss installéiert ginn“. Hien sot och, datt de Staat d‘Käschte vun der Anlag fir déi Leit géif iwwerhuelen, déi sech d‘Installatioun net kënne leeschten. Wann d’Anlag iwwert d’Stroumproduktioun amortiséiert wier, kréich de Proprietär se geschenkt. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un Här Premierminister an un den Här Energieminister stellen.

  • Wat ass mat „enger Transitiounsphase” gemengt?
  • Wéi gesäit d’Zäitschinn vun der Mesure aus, bis wéini soll se gräifen?
  • Wéi soll des Mesure ganz konkret fir d’Léit déi nei bauen ëmgesat ginn?
  • Wéi soll d’Mesure an de Bautereglementer vun de Gemenge gereegelt ginn?
  • Kréien d’Gemengen e Reglement-type, deen si alleguer an hire Bautereglementer verankere mussen, fir datt eng landeswäit eenheetlech Reglementatioun gëllt?
  • Wien soll kontrolléieren, op effektiv op all neien Daach eng Fotovoltaik-Anlag installéiert gouf?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Jean-Paul Schaaf

Deputéierten

Zréck