Well zënter enger Zäit schonn Enkpäss bäi de Medikamenter bestinn, an dacks op Generika zréckgegraff gi muss, ass d’Regierung bereet, fir eng Ausweidung vun der Lëscht vun de médicaments génériques déi d’Gesondheetskeess iwwerhëlt, ze plädéieren?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, géif ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Sécherheet an d’Madamm Gesondheetsministerin weiderzeleeden.

Och am Medikamenteberäich besti Liwwerenkpäss. Fir verschidde Medikamenter ginn et Waardezäiten, jee nodeem wéi dauert et z.b. 1 oder 2 Wochen, oder awer d’Medikament ass op länger, wann net souguer op onbestëmmten Zäit vergraff.

Dee Moment kënnt natierlech de Generika als Ersatz méi eng grouss Bedeitung zou. Verschidde Wierkstoffer kënnen och zesummegesat ginn.

Eenzel Generika-Medikamenter gi vun der Gesondheetskeess zréckbezuelt, anerer allerdéngs net. D’Lëscht vun de Substitutiounsmedikamenter, déi d’Krankekeess iwwerhëlt, ass restriktiv a limitativ.

An dësem Zesummenhang dränge sech dës Froen op:

  • Well zënter enger Zäit schonn Enkpäss bäi de Medikamenter bestinn, an dacks op Generika zréckgegraff gi muss, ass d’Regierung bereet, fir eng Ausweidung vun der Lëscht vun de médicaments génériques déi d’Gesondheetskeess iwwerhëlt, ze plädéieren? Wann net, aus wéi engen Ursaachen?

 

  • Wat sinn d’Obligatioune vun den Apdikter vis-à-vis vun de Patienten, wat Berodung an Informatioun am Kontext vun de Generika betrëfft, souwuel iwwer hir Disponibilitéit, hir Wierkung, sou wéi d’Zréckbezuelen, oder net, iwwer den Tiers-Payant?

De Koalitiounsvertrag 2018 gesäit vir: „le Luxembourg poursuivra ses efforts visant à rendre les médicaments innovants plus facilement accessibles et abordables pour les patients, notamment par la participation du Grand-Duché à l’initiative BeNeLuxA».

Schonn am September 2014 konnt een um Regierungssite liesen iwwer de «prochain lancement de la politique de substitution des médicaments effective à partir du 1er octobre 2014. Le lancement sera soutenu par une campagne d’information (sur la substitution des médicaments): “Efficacité et qualité identiques à moindre prix”.

La politique de substitution, prévue par le programme gouvernemental, vise à respecter les intérêts de tous les acteurs impliqués et à garantir le juste équilibre entre un traitement adéquat et efficace d’un côté et la soutenabilité financière du système de santé de l’autre côté.

Le gouvernement soutient les efforts de l’industrie pharmaceutique en ce qui concerne le développement de médicaments innovants, qui permettent un traitement de haute qualité et un accès équitable à ces médicaments. Néanmoins, une gestion responsable de notre système de santé et de nos ressources budgétaires est tout aussi importante. »

Ech wéilt duerfir folgend weider Froen un d‘Ministere stellen:

  • Ass d’Substitutiounspolitik am Beräich vun de Medikamenter nach ëmmer een Deel vun der Politik vun dëser Regierung ?

 

  • Deelen d‘Ministeren d’Feststellunge vun der sektorieller Enquête „Médicaments et pharmacies“ vum Konkurrenzrot vu Juni 2022?

 

  • Deelen d’Ministeren den Avis vum Konkurrenzrot, dass „une expansion des médicaments génériques est essentielle, car ils permettent des économies substantielles en matière de sécurité sociale, tout comme une diminution des ruptures de stock » ?

 

  • Wat huet sech zanter 2014 an deem Beräich gedoen?

 

  • Fir wéi vill Medikamenter sinn aktuell zu Lëtzebuerg als Generika zougelooss, mat oder ouni Remboursement?

 

  • Wéi stinn d’Ministeren zu folgende Propositioune vum Konkurrenzrot:
    • « augmenter le nombre de groupes substituables ;
    • prescrire en dénomination commune internationale ;
    • rémunérer les acteurs de santé qui utilisent des génériques ;
    • promouvoir le générique auprès des citoyens et des institutions publiques » ?

Octavie Modert
Deputéiert

Zréck