Wéini soll de Bau vum Laboratoire vun der ASTA ufänken a wéini soll dëse fäerdeg ginn ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un d’Madame Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau wieder ze leeden.

Den aktuelle Laboratoire vun der Administration des services techniques de l’agriculture (ASTA) ass scho säit Joren net méi konform, an et hunn sech successiv Regierunge beméit, en neie Site ze fanne fir een neie Labo ze bauen. Nodeems alternativ Sitten net a Fro koumen, huet déi läscht Regierung decicéiert, de Laboratoire op de Campus vun der Akerbauschoul op Gildref ze bauen an huet déi néideg administrativ Schrëtt an d’Weeër geleet. Dëse Laboratoire ass ee wichtege Baustee fir den zukünftege Landwirtschafts-hub an der Nordstad.

An deem Kontext wollte mir follgend Froen un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un d’Madame Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau stellen:

  • Wéi steet d’Regierung ze dësem Projet?
  • Wat ass dee leschte Stand vun de Planungen?
  • Wéini gëtt de Projet de Loi deposéiert?
  • Wéini soll de Bau ufänken a wéini soll de Laboratoire fäerdeg ginn ?

 

Här President, Mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Charel Weiler                                            Jeff Boonen

Députéierten                                             Députéierten

Zréck