Wéi vill virzäiteg Doudesfäll sinn zu Lëtzebuerg all Joer duerch Asbest verursaacht?

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch, den Här Aarbechtsminister an d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

An der Vergaangenheet gouf  Asbest oft als Baumaterial benotzt well en gënschteg, elastesch a besonnesch hëtzebestänneg war. An Däitschland geet zum Beispill d’Gewerkschaft IG Bau dovunner aus, dass tëschent 1950 an 1989 ca. 9.4 Millioune Wunnhaiser gebaut goufen, déi all méi oder manner mat Asbest verseucht sinn. Schätzunge vun der Europäescher Kommissioun gi vu ca. 8000 virzäiteg Doudesfäll an der EU aus, dovunner ronn 1500 elleng an Däitschland. Fir ons Klimazieler ze erreeche, si mir an den nächste Joren dorop ugewise vill Wunnhaiser an och soss Gebaier ze renovéieren an energeetesch ze sanéieren. Doduerch ginn Expert’en dovunner aus, dass et an noer Zukunft nach zu méi Fäll vun Asbestose, besonnesch an der Bauwirtschaft, kéint kommen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d‘Minsitere stellen:

    • Wéi vill virzäiteg Doudesfäll sinn zu Lëtzebuerg all Joer duerch Asbest verursaacht?
    • Wéi vill Gebaier/Wunnhaiser schätzt d’Regierung si mat Asbest verseucht?
    • Wéi vill Verdachtsfäll vun Asbestose gouf et an de leschte 5 Joren?
    • Geet d’Regierung dovunner aus, dass et an den nächste Joren duerch di zousätzlech energeetesch Sanéierunge bzw. Renovéierungen zu méi Fäll vun Asbestose komme wäert?
    • Wann nee, firwat net? Wann jo, wat gedenkt d’Regierung dogéint ze ënnerhuelen?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz

Deputéierten

 

Zréck