Wéi héisch ass de gesamte Montant, dee fir am Ausland immatrikuléiert Gefierer, opsteet fir d’Joer 2022?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Justizministesch, un de Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten an un de Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

 

Wéi aus der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n° 7466 ervirgeet, sinn fir d’Joer 2022, Enn Februar 2023 21% vun den Avertissements taxés an der Héischt vu 49 Euro an 29% an der Héischt vun 145 Euro, nach net bezuelt gewiescht. Ausserdeem steet an der Äntwert geschriwwe „wann nom Rappell iwwert den duebele Montant dësen AT nach ëmmer net bezuelt gëtt, kann de Parquet eng pauschal Geldbouss zum selwechte Montant ausstellen“. Dat wäre fir 2022 da 26.200 Dossieren, nëmmen u Contraventioune mat engem zu Lëtzebuerg immatrikuléierte Gefier, déi un de Parquet weidergeleet gi sinn. Donieft sinn zu Lëtzebuerg am Joer 2022, 40.063 Avertissements taxés u Gefierer déi Ausland immatrikuléiert sinn, net bezuelt ginn.

 

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d‘Ministeren stellen:

 

  • Wéi vill Prozent vun den Avertissements taxés déi insgesamt 2022 ausgestallt gi sinn, sinn eréischt no engem Rappell duerch een ageschriwwene Bréif bezuelt ginn?
  • Wéi ee Suivi ass virgesinn, fir déi 40.063 Avertissements taxés just vun 2022, un am Ausland immatrikuléiert Gefierer, déi bis dato net bezuelt gi sinn?
    • Wéi héisch ass de gesamte Montant, dee fir am Ausland immatrikuléiert Gefierer, opsteet fir d’Joer 2022?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

Zréck