Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Froen un d’Madamm Justizministesch weiderzeleeden.
Wéi aus dem Joresrapport 2023 vun der Recherche- an Informatiounsstell fir Antisemitismus zu Lëtzebuerg (RIAL) ervirgeet, hu Si zënter dem 7. Oktober 2023 méi Fäll vun Antisemitismus hei am Land registréiert. Am Joer 2020 waren et nach tëscht 50 a 60 Fäll, 2021 ronn 80 Fäll an 2023 schonn 144 Fäll. Wärend deene läscht 9 Méint huet d’RIAL all Mount 30 bis 35 Fäll gemellt. Dobäi fannen 80 – 90 % vun de Virfäll an de soziale Medie statt.
D’RIAL ënnerscheet tëscht verschiddene Kategorië vun Antisemitismus. Dës gi vu Banaliséierung vum Holocaust, iwwer antisemittesch Stereotyppen, verschwierungsideologesch Figuren oder och ganz Negatioune vum Existenzrecht vun Israel. D’Antisemitismus-Definitioun vun der International Holocaust Remembrance Alliance (IHRA), déi net fräi vu Kritik ass, ass och vun der Lëtzebuerger Regierung unerkannt. Juristesch gesinn, gëtt ëmmer rëm d’Argument opbruecht, dass dës Aarbechtsdefinitioun ze vage wier an éischter zu Monitoringszwecken dénge sollt.
An deem Kontext wéilt ech follgend Froen un d’Madamm Justizministesch stellen:
- Wéi vill Fäll vun Antisemitismus huet d’Lëtzebuerger Justiz zënter dem 7. Oktober 2023 geriichtlech poursuivéiert ?
- Gesäit d’Madamm Ministesch och wéi d’RIAL ee steigenden Trend un Antisemitismus-Fäll zu Lëtzebuerg ?
- Wa jo, wéi gedenkt d’Regierung dogéint virzegoen ?
- Wat ass d’Positioun vun der Regierung zu der Antisemitismus-Definitioun vun der IHRA ?
Här President, ech biede Iech dës Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.
Laurent Mosar
Deputéierten
Zréck