Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.
Am Enseignement – souwuel am Fondamental wéi och am Secondaire – feelt et weiderhin u genuch Léierpersonal. Aus deem Grond gëtt am Fondamental, well net genuch „brevetéiert“ Léierinnen a Schoulmeeschteren do sinn, op déi sougenannte „Quereinsteiger“ (Détenteurs d’un bachelor en relation avec un des objectifs de l’enseignement fondamental) zréckgegraff. Am Secondaire ginn aus deem selwechte Grond „Chargés d’enseignement à durée indéterminée“ agestallt, a vill Enseignanten halen iwwer hir eigentlech Tâche eraus Iwwerstonnen.
Virum Hannergrond vun der akuter Penurie u Léierpersonal wéilt ech folgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen:
Am Enseignement fondamental:
- Wéi gesäit laut dem établéierte Fënnef-Jores-Plang de Besoin un Enseignanten fir déi kommend Joren aus?
- Wéi vill Enseignante gi fir d’Schouljoer 2021/2022 gebraucht?
- Wéi vill Schoulmeeschteren a Léierinnen ginn dëst Joer respektiv am Laf vum nächste Schouljoer an d’Pensioun?
- Wéi vill „Détenteurs d’un bachelor en relation avec un des objectifs de l’enseignement fondamental“ (Quereinsteiger) wäerten dëst Joer fir d’Rentrée 2021/2022 agestallt ginn ?
- Wéi vill Enseignante sinn an der Grondschoul agestallt ginn fir d’Schouljoren 2018/2019, 2019/2020 respektiv 2020 /2021, opgeschlësselt no brevetéierten Enseignanten a „Quereinsteiger“?
Am Enseignement secondaire :
- Wéi vill Enseignante gëtt et aktuell am Secondaire, am Ganzen an opgedeelt no Fächer?
- Wéi gesi laut de Berechnunge vum permanente Comité vun Experten d’Prévisiounen a puncto Enseignantsbedarf fir déi kommend Joren aus?
- Wéi eng Fächer si besonnesch staark vum „Lehrermangel“ betraff?
- Wéi vill Enseignante ginn dëst Joer an d’Pensioun? Wéi vill a wéi enge Fächer?
- A wéi enge Fächer ginn déi meescht Iwwerstonne gehalen? Wéi vill sinn dat der am Ganzen, pro Fach a pro Enseignant?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Martine Hansen
CSV-Fraktiounspresidentin
Zréck