Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.
An der Grondschoul feelt et weiderhin u genuch Léierpersonal. Well net genuch „brevetéiert“ Léierinnen a Schoulmeeschteren disponibel sinn, gëtt och fir d’Schouljoer 2022/2023 op „Quereinsteiger“ (Détenteurs d’un bachelor en relation avec un des objectifs de l’enseignement fondamental) zréckgegraff.
An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:
- Wéi vill nei Poste sinn dëst Joer an der Grondschoul besat ginn?
- Wéi vill dovu vu qualifizéierten Enseignanten?
- Wéi vill dovu vu Quereinsteiger?
- Wéi eng Ausbildung haten dës Quereinsteiger ?
- No wéi enger Critère ginn d’Quereinsteiger erausgewielt, wa méi Kandidaten do sinn ewéi Posten a wie mécht déi Selektioun?
- Zu wéi engem Zäitpunkt kréien d’Kandidate Bescheed gesot?
- Kréien si bei enger Ofso och eng detailléiert Argumentatioun?
- Wann net, firwat net ?
- Wéi vill Ausbildungsplaze gëtt et aktuell fir de „Bachelor en Sciences de l’Education“ op der Uni Lëtzebuerg?
- Wéi wäit sinn d’Verhandlungen tëschent dem Ministère an der Uni, fir des Unzuel an d’Luucht ze setzen?
- Wéi vill Studente kënne fir dat nächst Ausbildungsjoer ugeholl ginn?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Martine Hansen
Co-Fraktiounspresidentin
Zréck