Wéi vill Alkohol- respektiv Drogekontrollen sinn tëschent 2018 an 2021 pro Joer gemaach ginn?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un den Här Mobilitéitsminister weiderzeleeden.

 

Laut de rezenten Statistiken vum Mobilitéitsministère gouf et am Joer 2021 21 déidlech Verkéiersaccidenter mat zesummen 24 Doudegen. Bei 7 vun den déidlechen Accidenter war Alkohol am Spill, a 4 Fäll waren et Drogen. An dësem Kontext géing ech gär folgend Froen un den Här Mobilitéitsminister stellen.

  • Wéi vill Alkohol- respektiv Drogekontrollen sinn tëschent 2018 an 2021 pro Joer gemaach gin?
    • Weivill Kontrollen waren jeweils positiv?
  • Am Géigesaz zu aneren Länner däerf d’Police zu Lëtzebuerg just Kontrolle maachen, wann de Parquet se ordonéiert, respektiv wann d’Behuelen vun de Chaufferen op Alkoholkonsum hindeit.  Envisagéiert d’Regierung an dem Punkt eng Ännerung vum Gesetz?
    • Wa jo, géif esou eng Léisung och am Fall vun Drogekonsum gëllen?
  • Wéi schätzt d’Regierung de Risiko an, dat et no der geplangter Legaliséierung vu Cannabis zu méi Accidenter kënnt, déi op Drogekonsum zréckzeféieren sinn?

Här President, ech  bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt, épouse Kemp

Deputéiert

 

Zréck