Wéi steet d’Regierung zum Droe vun engem Burkini oder Boxerschwammboxen an enger Schwämm?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch an un den Här Sportminister weiderzeleeden.

Wéi aus engem Wort-Artikel vum 27. August 2024 ze liesen ass, krute rezent Damen, déi an engem Burkini an eng Schwämm wollte goen, refuséiert do dierfen ze schwammen. Dës Thematik beschäftegt méi wei eng Schwämm am Land. Soufern d’Gemengerèglement net konkret präziséiert mat wéi enger Kleedung een dierf schwamme goen, ass et zu Lëtzebuerg um Schwammmeeschter dës Appreciatioun ze maachen.

 

An deem Kontext wéilt ech follgend Froen un d’Madamm Justizministesch an un den Här Sportminister stellen:

 

  • Wéi steet d’Regierung zum Droe vun engem Burkini oder Boxerschwammboxen an enger Schwämm?
  • Besteet fir d’Regierung d‘Necessitéit d‘Droe vu Boxerschwammboxen oder Burkini iwwert eng national Hygiènesreegelungen ze reegelen? Wier et néideg an deem Kontext och virzegesinn, dass ënnert der Schwammkleedung keng Ënnerwäsch däerf gedroe ginn?
    • Wa jo, wéini gedenkt d’Regierung hei ze legiferéieren?
    • Wa nee, wéi begrënnt d’Regierung dës Decisioun?

 

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt, épouse Kemp

Deputéiert

 

Zréck