Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert den EU-Agrarbudget un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.
Den EU-Budgetskommissär Günther Oettinger huet kierzlech den EU-Finanzplang fir den Zäitraum vun 2021 bis 2027 virgestallt.
Et ass geplangt, Finanzmëttel fir déi gemeinsam Agrarpolitik em 5% ze kierzen.
Wuelwëssend, dass déi europäesch Landwirtschaft ënner groussem Wettbewerbsdrock steet an déi lëtzebuerger Landwirtschaft nëmme bedéngt konkurrenzfäeg ass, wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister dës Froe stellen:
- Wei ass Positioun vun der lëtzebuerger Regierung zu der geplangter Kierzung am EU-Agrarbudget an huet si wëlles sech géint dës Kierzungen anzesetzen
- Am Fall wou et zu der Kierzung vu 5% vum EU-Agrarbudget sollt kommen , wéi eng Méiglechkeete besti fir lëtzebuerger Landwirtschaft zousätzlech ze ënnerstëtzen
- Wei eng vu dëse Méiglechkeete gedenkt Regierung an d’Aen ze faassen?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Martine Hansen
Députéiert
Zréck