Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch
Fro un den Här Inneminister weiderzeleeden.
Wéi aus engem Wort Artikel vum 5. August 2024 ervirgeet, fuerdert d’UN-Kannerrechtskommissioun
Lëtzebuerg dozou op, eng Decisioun zu der Réckféierung vun enger syrescher Famill a Griichenland
virleefeg ze stoppen.
Well eent vun de 6 Kanner vun der Famill u Kriibs erkrankt ass, huet sech d’Famill nom Erhale vum
Flüchtlingsstatut a Griichenland, op Lëtzebuerg beginn. Den Zougang zur medezinescher Versuergung
an déi materiell Mängel mat deenen d’Famill a Griichenland konfrontéiert war, hunn si als
Beweeggrënn uginn, fir op Lëtzebuerg ze kommen. Am Februar 2020 huet d‘Famill fir hiert jéngst Kand,
wat zu Lëtzebuerg gebuer ass, een Asyluntrag gestallt deen ofgeleent ginn ass. D’Famill soll elo zeréck
a Griichenland kéieren, wou dëst Kand, am Géigendeel zu de rechtleche Familljemember, awer och
kee Flüchtlingsstatut huet. Dem genannten Artikel no, huet d’UN-Kannerrechtskommissioun
Lëtzebuerg doropshin opgefuerdert, d’Réckféierung vun der Famill en suspens ze setze bis eng definitiv
Decisioun geholl ass.
An dësem Kontext wéilt ech follgend Froen un den Här Inneminister stellen:
• Wéi gedenkt de Minister elo an dësem Fall virzegoen?
• Wat geschitt mat der Famill bis zur definitiver Decisioun vun der UN-
Kannerrechtskommissioun?
Här President, ech bieden Iech dës Fro mat mengem déifste Respekt unzehuelen.
Paul Galles
Deputéierten