Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu endokrinnen Disruptoren un den Här Ëmweltminister an d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.
D’Donnéeë vum europäeschen Humanbiomonitoring-Programm (HBM4EU) weisen, dass d’europäesch Bevëlkerung mat verschiddenen endokrinnen Disruptoren (EDs) belaascht ass, dorënner Phthalaten, Bisphenolen an déi sougenannt Eiwégkeetschemikalien PFAS. Besonnesch besuergneserreegend ass d’Bewäertung vun der europäescher Liewensmëttelagence zu Bisphenol A (BPA): D’Opnam vun dëser hormonstéierender Substanz iwwert d’Liewensmëttel stellt e Gesondheetsrisiko fir d’Bevëlkerung duer. Well verschidden EDs gläichzäiteg virkommen, si Mëschungseffekter ze erwaarden, wouduerch d’Wierkunge vun dëse Chemikalien sech addéieren oder géigesäiteg verstäerke kënnen. D’gesondheetlech Folgekäschte si bedeitend. Fir Phthalaten a Bisphenolen ginn et zwar schonn EU-Regulatioune fir eenzel Substanzen, awer aner Verbindungen aus dëse Gruppen, genee wéi PFAS, goufen nach net konsequent reguléiert.
An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un d‘Ministere stellen:
Wéi plangt d’Regierung d’Bevëlkerung iwwert déi gesondheetlech an ëmwelttechnesch Risike vun endokrinnen Disruptoren opzeklären?
Wéi eng konkret Moossnamen si, niewent de Propositioune vum interministerielle Comité zu de PFAS, geplangt?
Wéi eng konkret Pläng ginn et, fir den Informatiounszougang bzgl. den endokrinnen Disruptoren ze verbesseren, besonnesch fir d’Konsumentinnen an d’Konsumenten?
Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Françoise Kemp
Deputéierten