Wei laang dauert de Chantier bei der Rouder Bréck tëschent Kayl a Schëffleng nach?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Baute weiderzeleeden.

De Chantier op der A13 / Rout Bréck dauert elo scho bal 4 Joer. Op der selwechter Streck gouf och d’Stroossebeliichtung ewechgeholl. Am Moment däerf ee just deelweis op enger Bunn an eng Richtung fueren. De Passage ass geféierlech, well den Tronçon op dëser Plaz ganz enk ass a well d’Strooss staark befuer ass, och vu Camionen. An dem Zesummenhang géing ech gär folgend Froen Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Baute stellen.

  • Wéi vill Accidenter sinn op dëser Streck scho passéiert?
  • Ass eng provisoresch Beliichtung virgesinn, well de Chantier extrem schlecht beliicht ass?
  • Wéini ass de Chantier endlech fäerdeg?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt, épouse Kemp

Deputéiert

Zréck