Wéi kann den Educatiounsminister den One2one an de Schoulen déi eng formation professionnelle ubidde garantéieren?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Aus enger vum Educatiounsministère stamender Note d’information vum 16. Mäi 2024 geet ervir, dass eng Refonte vum Programm one2one fir d’Schouljoer 2024/2025 geplangt ass. Aus der Note geet ervir, dass den Educatiounsministère seng Approche zu der Verdeelung vun IPads oder Laptoppen u Schüler aus dem Lycée ze kierzen. Dës Entscheedung gouf, laut dem Ministère, aus finanzielle Grënn getraff.

Den one2one Programm geséit vir, dass am Prinzip all Schüler den op 7e ageschoult gëtt, en IPad oder e Laptop kritt an et un de jeeweilege Lycéeën ze entscheeden ass wéi se déi elektronesch Outile verdeelen. Verschidde Lycéeën hunn d’Strategie vum « one2one Programm » an der Formation professionnelle emgesaat an d’Notzung vun engem IPad oder Laptop ass Deel vun hirem Programm. Allerdéngs riskéiere grad déi Schüler, déi nach keen IPad haten, an op 4ième an der Formation professionnelle ufänken , elo keen Apparat ze kréien.

 

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen:

 

  • De Koalitiounsaccord geséit fir d’Digitalisatioun virun ze dreiwen. Wéi geséit de Minister d’Verhältnis zweschen der Digitalisatioun an der Kierzung vum one2one Programm ?
  • Weess de Minister a wéi enge Schoule den Problem besteet, a wéivill Schüler concernéiert sinn ?
  • Wéi kann den Educatiounsminister den One2one an de Schoulen déi eng formation professionnelle ubidde garantéieren? Kann de Ministère déi Schüler déi réischt méi spéit an enger Schoul ufänken an nach keen Outil hunn an Zukunft an hirer Berechnung mat abegräifen ?

 

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Jeff Boonen

Députéiert

                                               

 

 

 

Zréck